Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Une famille. Une terre. (thematesch Atelieren)


 
D’Gemeng Suessem an EcoTransFaire invitéieren Iech op eng Serie vu 5 Atelieren, vun Enn Oktober bis Mëtt Mäerz, iwwert d’Theemen Naturschutz, Kreeslafwirtschaft a Konsum. Maacht mat a verwandelt äre Grupp oder Famill an eng Gemeinschaft fir e positive Wandel.

D’Workshops wäerten Iech hëllefen:

– Ären Energieverbrauch ze hannerfroen an ze kontrolléieren
– Nei Gesten a Gewunnechten auszeprobéieren
– Den eegenen Impakt ze moossen an ze verstoen
– Kontakt mat anere Familljen ze kréien
 
1) Samschden 28.10. » Energie (a fir d’Kanner: Atelier fir en Halloween-Kostüm ze maachen) » Matgesfeld

2) Samschden 25.11. » Offall (a fir d’Kanner: Kleeschen-Atelier) » Matgesfeld

3) Samschden 16.12. » Kreeslafwirtschaft (a fir d’Kanner: Atelier fir X-Mas Deko) » Matgesfeld

4) Samschden 27.01. » Waasser (a fir d’Kanner: Lampion bastelen) » Les Serres de Soleuvre

5) Samschden 16.03. » Biodiversitéit an Ernärung (a fir d’Kanner: Kachcours oder Plantatioun) » Les Serres de Soleuvre

D’Aschreiwung ass obligatoresch fir déi ganz Serie vu 5 Atelieren, déi ëmmer moies vun 10.00 bis 12.30 Auer sinn.
 
D’Participant·e vun den Ateliere kréien e Suivi-Pass a Rotschléi op Mooss, fir am Eegenheem ëmzesetzen. Méi Informatioune kritt dir beim Bernard Lahure a beim Vania Laranjeira vun EcoTransfaire.
 


Une famille. Une terre. Ateliers thématiques

  • Geschwate Sproochen
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.