Virowend vun Nationalfeierdag
D’Feierlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag, déi e Méindeg, den 22. Juni 2026 um KUSS zu Zolwer stattfonnt hunn, waren e grousse Succès – an dat trotz den aussergewéinlech héijen Temperaturen, déi dësen Dag markéiert hunn. Vill Awunner·innen haten de Wee bis bei eis fonnt, fir e villfältege Programm an enger gemittlecher a festlecher Atmosphär ze genéissen.
Wéinst der grousser Hëtzt goufen e puer Upassungen un der Organisatioun vum Cortège virgeholl, fir d’Sécherheet an d’Wuelbefanne vun alle Participant·innen ze garantéieren. Dës preventiv Mesuren hunn et dem Public erméiglecht, d’Evenement ënner de beschte méigleche Konditiounen ze erliewen.
Am Laf vum Owend huet d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz hir offiziell Usprooch gehalen. Dono hu musikalesch Animatiounen a Spektakele begeeschtert. D’Optrëtter vu Mental, dem DJ Fr3sh an déi spektakulär Hi-tech Neon Performance waren d’Highlights vum Owend. D’Gemeng seet alle Participant·innen, Benevollen, Veräiner an de Gemengeservicer, déi un der Organisatioun vun dësem Evenement bedeelegt waren, e grousse Merci. Si hunn dozou bäigedroen, datt den Owend virun Nationalfeierdag nees am Zeeche vum Zesummesinn a vun der Communautéit gefeiert konnt ginn.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri


































































































































