San’Up
Déi 4. Editioun vum San’Up war alt nees ee vollen Erfolleg. Um Europadag den 9. Mee hate mir iech op een Dag voller gratis Aktivitéite ronderëm Sport, Kultur an nei Saachen austesten invitéiert. Vun 10.00 bis 18.00 haten ëm déi 20 Associatiounen um Kannercampus Belval a Park um Belval installéiert an de Public konnt sech an den ënnerschiddlechste Sportaarten a kreative Sessiounen auspoweren.
Villmools Merci, dass dir dobäi waart an ee besonneche Merci geet un d’Veräiner, eis Klibb a Gemengeservicer fir den onermiddlechen Asaz, och aus dëser Editioun vum San’Up dat Beschtméiglechst erauszehuelen.
Déi komplett Fotosgalerie gëtt et hei.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri































































































