Quiz fir den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch
Wéi gutt kennt dir Lëtzebuerg a seng Sprooch wierklech? Beim Quiz am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch stoung de 25. September alles am Zeeche vun der Lëtzebuerger Sprooch an de spannenden historesche Fakte ronderëm eis Gemeng. E flotten Nomëtte voller Wëssen, Austausch a gudder Laun mat de Residenten vun der Résidence Op der Waassertrap an hire Famillen. E grousse Merci un all d’Participant∙innen, déi dëse Quiz zu engem richtegen Erfolleg gemaach hunn.
An Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun, der Résidence Op der Waassertrap, dem Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch an dem Kulturministère.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli





































