Prix du Bénévolat
Dënschdes, den 18. Abrëll 2023, stoung am Artikuss deen éischte Prix du Bénévolat vun der Gemeng Suessem um Programm. An engem feierleche Kader goufen net manner ewéi 22 Éirenamtlecher geéiert, déi an hire jeeweilege Veräiner ganz grouss Meritten hunn. D’Veräiner selwer haten d’Benevoller virgeschloen, sinn et si dach, déi am Beschte wëssen, wien dës symbolesch Auszeechnung an hire Reie verdéngt huet.
Nieft engem offiziellen Diplom an enger waarmer Ronn Applaus an Unerkennung, kruten déi sëlleg Fräiwëlleg eng Koppek Entréestickete fir den Artikuss, esou wéi zwee Festival-Päss fir de Flow Festival geschenkt. De Schäfferot huet op deem Owend och annoncéiert, datt dëse Präis vun elo un all zwee Joer – fir d’nächst also 2025 – ausgeriicht gëtt.
D’Laureate vum éischte Prix du Bénévolat:
Sybille Blitgen
Crossfit Iron Sparks
Laurent Eiffes
Sporting Club Belvaux
Lucien Faber
Cercle Athlétique Belvaux
Jessica Goedert
EDS Lëtzebuerg
Guy Haxter
Cercle Bouliste et Culturel Belvaux-Metzerlach
Carole Kaes
Dysphasie.lu
Ronny Koster
Le Guidon Belvaux
Christiane Lieners
Plooschter Projet
Robert Martellotto
Luxembourg Lego User Group
Ernest Montalto
Geschichtsfrënn Gemeng Suessem
Emilie Mousty
Amis de la Fleur Belvaux
Norbert Pater
Chorale Ste Cécile | Hot Daddies Suessem
Fernand Peiffer
Interesseveräin Éilereng
Chantal Pratt-Trémont
BBC AS Soleuvre
Jean-Jacques Rieff
Harmonie Éilereng
Mandy Schmidt
Radio Belle-Vallée
Jean-Pierre Schockmel
CS Sanem
Marie-Thérèse Theis-Kohn
Chorale des Jeunes Zolwer Spatzen
Jeannette Thurmes-Marschal
Société Avicole Belvaux
Madeleine Weber
Senioren Gemeng Suessem
Christiane Welscher
Dëschtennis Zolwerknapp
Tania Zimmer
FC The Belval Belvaux