Nationale Commemoratiounsdag
Sonndes, den 13. Oktober 2019, huet och d’Gemeng Suessem den Affer vum Nazi-Regime um Nationale Commemoratiounsdag geduecht.
Beim Mémorial zu Éilereng huet de Buergermeeschter Georges Engel a senger Usprooch virdru gewarnt, dës däischter Zäit an der Lëtzebuerger Geschicht ze vergiessen. Virun allem déi nächst Generatioune misste weiderhin opgekläert ginn, fir dass sech sou Entwécklungen net widderhuele kéinten.
An deem Kader soe mir de Schüler aus dem Cycle 4.2. vun Éilereng ee grousse Merci, dass si dëser Gedenkzeremonie mat hire virgedroenen Texter ee wierdege Kader ginn hunn.