Aweiung vun der Hondswiss zu Suessem
E Méindeg, den 29. Juni huet huet d’Gemeng Suessem déi nei Hondswiss zu Suessem hannert dem Scoutshome offiziell ageweit. D’Hondswiss bei de Gemeinschaftsgäert bitt eng flott Méiglechkeet, wou Hënn sech kënnen austobe wärend deem hir Besëtzer·inne op enger ofgesécherter Plaz matenee schwätze kënnen. Domat schaaft d’Gemeng eng nei Plaz fir Mënsch an Déier a leet e weidere Bausteen zu enger méi liewenswäerter Gemeng.
Mir freeën eis, datt dës Plaz elo offiziell zur Verfügung steet – an erënneren drun, datt dat grousst Geschäft vun äre Véierbeener an der Poubelle entsuergt solle ginn, fir d’Plaz propper a gutt notzbar fir jiddereen∙t ze halen.
Hei fannt dir d’Hondswiss.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli











































