Nei Sportsterrainen zu Zolwer
Déi Jonk aus eiser Gemeng hunn elo zwou nei Plaze fir Sport ze maachen a sech ze treffen. D’Basketball- a Fussballterrainen hannert der Schoul 2000 goufen de 15. Oktober ageweit. Si sinn d’Resultat vun enger Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng Suessem, dem Jugendhaus SaBa, de Jonken aus dem Quartier an dem BBC AS Soleuvre. D’Iddi fir de Projet koum vun de Jonken, déi sech esou Terrainen an hirem Véierel gewënscht haten. Zesumme mat de concernéierten Acteure gouf de Projet ausgeschafft, fir Infrastrukturen ze schafen, déi hire Besoine gerecht ginn. De Gemengerot huet de Projet am Januar 2026 mat engem Gesamtbudget vun 300.000 Euro guttgeheescht. D’Aarbechte goufen tëscht Mee an Ufank Oktober realiséiert.
D’Gemeng seet alle Betriber an Equippen, déi un der Realisatioun bedeelegt waren, e grousse Merci. Och op d’Noperschafte gouf besonnesch Récksiicht geholl: D’Beliichtung ass esou programméiert, datt se um 22.00 Auer ausgeschalt gëtt. Dës nei Terrainen si méi wéi just Plaze fir Sport ze maachen. Si sollen zu Treffpunkte ginn, wou Jonk an Al zesummekommen, sech austauschen an a gemittlecher Atmosphär gemeinsam Sport erliewe kënnen.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri





































