Fräiloftausstellung „Fiederliicht“
En Donneschdeg, den 9. Juli 2026 huet sech de Parc Backes zu Suessem nees aneng Fräiloftausstelung verwandelt. Ab 18.30 war de Public op de Vernissage „Fiederliicht“ vum lëtzebuergesche Fotograf Silvano Flamini invitéiert.
De Silvano Flamini, Joergang 1956, huet seng Kandheet a Jugend am Metzerlach verbruecht a wunnt zënterhier an der Gemeng. Bicher a Comicken hunn hien ëmmer interesséiert, genau esou ewéi Naturreportagen a Fotografie. No senger éischter grousser Passioun, der Petanque, huet hie seng Leidenschaft fir d’Fotografie nei entdeckt an ass zënter Joren am Photoclub vun der Gemeng Suessem aktiv. Och wann hien d’Fotografie am allgemenge gären huet, sou ass seng heemlech Léift d‘Vullefotografie, déi dëser Ausstellung schlussendlech hiren Numm ginn huet – „Fiederliicht“.
D’Expo am Parc Backes ka bis den 1. Oktober 2026 besicht ginn.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri














































