Konferenz an Table Ronde iwwer Altersbiller
De 14. Oktober ware vill Leit bei eis, fir zesummen en informativen a spannenden Owend ronderëm eis Virstellunge par Rapport zum Al-Ginn ze verbréngen. Eng Saach ass sécher: D’Thema huet fir vill Interessi gesuergt an zum Nodenke bruecht. An hirer Konferenz huet d’Prof. Dr Anna Kornadt erkläert, wéi eis Virstellunge vum Alter eis psychesch Gesondheet, eise Bléck op eis selwer an op anerer, awer och eis Zukunftsperspektive beaflosse kënnen. Si huet dobäi verschidde Virurteeler a Mythen iwwer d’Altere kritesch hannerfrot a gewisen, firwat eis Siicht op dëse Liewensofschnëtt en Ënnerscheed maache kann.
Uschléissend gouf d’Diskussioun bei enger Table Ronde mam Minister Max Hahn, Fachleit a Senior·inne weidergefouert. Verschidden Erfarungen, Meenungen a Perspektive koumen zesummen, fir e Sujet ze beliichten, deen eis all betrëfft, onofhängeg vun eisem Alter. E grousse Merci un all déi, déi dobäi waren, fir hir Participatioun an hiren Interessi, an natierlech och un eis Intervenant·inne fir dësen Owend voller Austausch an neie Perspektiven.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli






























