Colorissimo
E Samschdeg, den 12. September 2026, huet de Scheierhaff zu Zolwer nees an de Rhythme vun der Welt vibréiert. D’Editioun 2026 vum Colorissimo gouf vun der Gemeng Suessem an der Kommissioun fir d’Zesummeliewe organiséiert. De ganzen Dag iwwer konnten d’Visiteuren op eng Rees iwwert verschidden national an international Stänn goen, kulinaresch Spezialitéite vun iwwerall op der Welt entdecken an eng Villfalt u kulturellen an artisteschen Animatioune genéissen.
Donieft gouf et Dänz aus der ganzer Welt, kreativ Atelieren a Kachcoursë fir Grouss a Kleng. D’Manifestatioun gouf och duerch d’Präsenz vum Max Hahn, Minister fir Integratioun, beräichert. Hien huet d’Wichtegkeet vun esou Initiativen ervirgehuewen, fir d’Zesummeliewen an d’kulturell Diversitéit bannent der Gemeng ze fërderen.
Fotoen: Nadia Dentzer






































