Ouschtereeërsich 2026
De 5. Abrëll 2026 stoung am Park vum Schlass zu Suessem fir eis Ouschtereeërsich d’Sonn um Programm. Honnerte vu Kanner si mat Freed op Eeërjuegd gaangen an haten d’Geleeënheet, den Ouschterhues perséinlech ze treffen.
Dëst Joer huet de Spillmann mat senger Uergel fir déi musikalesch Begleedung gesuergt, wärend d’Iesse wéi gewinnt vun de Scoute vu Suessem assuréiert gouf. Den Animastaff huet Facepainting ugebueden an deene Klengsten d’Gesiicht gemoolt.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri



















































































