Brunch thématique
Trotz der grousser Hëtzt hu sech de 27. Juni 2026 insgesamt 54 motivéiert Leit am Kannercampus Belval zesummefonnt fir eisen zweeten thematesche Brunch am Kader vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen mat eis ze verbréngen. Eis Awunner·inne konnten eis hier Meenung zum Thema interkulturell Treffen matdeelen, wéi déi Eventer sollen ausgesinn, a wat si motivéiert un Eventer vun der Gemeng deelzehuelen. Dësen Input gëtt elo vun eise Partner·inne vun der ASTI an vum Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil zesummegedroen.
An enger nächster Etapp gesäit sech de Comité de pilotage, dee vum Schäffen- a Gemengerot zesummegesat goufen. D’Aktioune ginn agedeelt op kuerz, moyen a long terme Projeten, déi dann au fur et à mesure ëmgesat solle ginn. D’Leit ginn och iwwer weider Evenementer um lafende gehalen. Wa Leit Froen hunn, kënne si sech selbstverständlech un de Service à l’Égalité des chances et Diversité mellen: service.secd@suessem.lu oder per Telefon um 59 30 75 – 654.
Fotoen: Marc Dostert














































