Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Muséesberäich

De Muséesberäich besteet am Ganzen aus néng Raim, an deenen Exponaten engem Ablécker a verschidden Themeberäicher bidden.

An der fréierer Kiche vum Haus si Géigestänn ausgestallt, déi haut net am Gebrauch sinn, déi engem awer en Abléck an d’Liewens- an Aarbechtskonditioune vum spéiden 19. Joerhonnert erméiglechen.

Op anerer Plaz dokumentéieren eng ganz Rei Biller a Géigestänn déi industriell Vergaangenheet vun der Regioun. Bestanddeel vun dëser Kollektioun ass, ënnert anerem, en Héichuewen, dee funktionéiert, am Moossstaf 1:50.

Besonnesch wichteg ass och de Raum an deem d’Geschicht v un der Gemeng Suessem wärend dem zweete Weltkrich dokumentéiert gëtt. Texter, Biller an Objeten illustréieren hei d’Verwaltung vun der Besatzungsmuecht, d’Resistenz vun der Populatioun a weise beweegend Schicksaler vun Evakuéierten, Zwangsrekrutéierten, Krichsgefaangenen an Deserteuren.

D’Haus „A Gadder“ befaasst sech awer och mat der Geschicht vu fréieren Organisatiounen, Clibb an Associatiounen a stellt an deem Kontext och eng Sammlung vun ale Veräinsfändelen an Uniformen aus.

Och un en anert Ierwe vun der Regioun, wat scho bal vergiess ass, gëtt mat verschiddenen Ausstellungsstécker erënnert: un d’Source Bel-Val, déi 1885 am Südoste vu Bieles (Bel-Val) entdeckt gouf a séier, wéinst hirer aussergewéinlecher Qualitéit, an déi ganz exportéiert gouf.

Aner Sujeten, déi d’Visiteuren dozou invitéieren, sech Zäit ze huelen, sinn d’Haus „de Tornaco“ an d’Suessemer Schlass, dat politescht Liewen an der Gemeng an d’Partnerschaft mat der klenger franséischer Stad „Chauffailles“.

Gartis Visite-guidéeën duerch de Musée ginn donneschdes am Nomëtteg, oder op Rendezvous, op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch proposéiert.

Dokumenter