Mir informéieren iech, datt d’Umeldung fir d’Ouschtereeërsich am Park vum Suessemer Schlass elo zou ass. All disponibel Plaze goufe verginn.
Eng Aschreiwung am Virfeld war obligatoresch. Nëmmen Leit mat enger Umeldung si gebieden, den Dag vum Event ze kommen. D’Confirmatioun muss den Dag selwer virgewise ginn.
Hei d’Fotoe vun der Editioun vum leschte Joer.
Posts By: david
Ouschtereeërsich 2026
Nuetsrallye 2025
D’Jugendkommissioun vun der Gemeng Suessem freet sech, datt mir däi Virwëlz fir den Nuetsrallye 2025 erwächt hunn. Op dëser Säit fënns du e puer nëtzlech Informatiounen zum Oflaf fir dech, deng Ekipp an däi Veräin.
Theema dëst Joer: Grujel-Editioun.
Wat? Wou? Wéini?
– De Nuetsrallye ass den 18. Oktober 2025
– Umeldeschluss ass den 11. Oktober 2025
– Depart ass um 18.30 Auer Auer. Check-in ass ab 18.00 Auer op der Plaz. Rendez-vous an Depart ass dëst Joer an der Sportshal vum Kannercampus Belval op 1, Passage Pablo Picasso, L-4457 Belvaux.
– De Rallye dauert ongeféier 4 Stonnen
– Iwwert dem Wee gi flott Spiller gemaach an de Recht gitt der owes gewuer
– Fir e klenge Präis kritt dir op der Plaz eppes z’iessen an ze drénken
– Äre Bidon kennt dir de ganzen Owend nees opfëllen; wie kee Krunnewaasser wëll, kritt natierlech och eppes aneres
Konditiounen?
– All Ekipp muss aus 4 bis 6 Leit bestoen
– De Mindestalter ass 12 Joer. Fir déi Leit ënner 18 Joer brauche mär eng Autorisatioun vun den Elteren
– All Ekipp muss mindestens ee Responsabelen hunn dee méi wéi 18 Joer huet
– Exklusiv fir Gruppe mat Jonken bis 30 Joer!
– D’Participatioun kascht 5 € pro Persoun
– No Ärer Umeldung kritt dir eng Confirmatioun vun eis geschéckt mat allen Donnéeë fir d’Participatioun ze bezuelen
– Nom Paiement ass är Umeldung fix
Wat soll där onbedéngt matbréngen?
– Fest Schung
– Kleeder, déi de Wiederkonditiounen ugepasst sinn (Opgepasst, et geet duerch de Bësch!)
– Täscheluuten (d’Luucht vum Handy geet net duer)
– Handy
– Powerbank fir den Handy
– Warnwesten
– Block
– Bicker
– Bidon fir mat Waasser ze fëllen
– E bësse Cash
Falls du Loscht hues, bei eisem Nuetsrallye matzemaachen, da mell dech an deng Ekipp esou schnell wéi méiglech un, well d’Plaze sinn op 10 Ekippe begrenzt. All weider Detailer kriss du dann dono vun eis per Mail.
Mir si leider komplett!
Note: Är perséinlech Donnéeën ginn just fir dësen Event benotzt an vertraulech behandelt. Nom Event ginn alleguerten är Donnéeën erëm gelëscht.Sollt ee Member wëlle seng Rechter ausübe wéi beim Reglement (UE) 2016/679 virgesinn, sou kann heen dëst iwwer d’E-Mail dpo@suessem.lu oder iwwer Courrier op d’Gemeng.
aktiv! Sport, Fräizäit a Sproochen 2025/2026
Aktiv a mat Liewensfreed duerch d’Liewe goen, wierkt sech positiv op d’Gesondheet aus. Et ass wichteg en Ausgläich ze fannen, fir mental a kierperlech fit ze bleiwen. Dofir hu mir eist Bescht gemaach, fir eis Offer esou villsäiteg wéi méiglech ze halen, fir datt jiddweree vun iech eppes fënnt, wat ëm zouseet.
Entdeckt déi aktuell Broschür 2025/2026
Kuckt eis Videoserie fir op de Goût ze kommen:
Opwuessen ouni Damp
D’Fondation Cancer an d’Gemeng Suessem hunn eng strategesch Allianz gebilt, déi den 3. Oktober 2023 mat enger Ënnerschrëft konkretiséiert gouf. Et geet drëms, fir déi ambitiéis Visioun vun enger tubakfräier Generatioun an d’Realitéit ëmzesetzen.
Dës national Initiativ baséiert op enger holistescher Approche: Reegelméisseg Erhéijunge vun den Tubakspräisser, e komplett Reklammverbuet fir Tubak, an nach vill aner Moossnamen. D’Zil vum Ofkommes, Suessem bis 2040 zu enger Commune Sans Tabac ze maachen, ass e Kader ze schafen, wou Kanner a Jugendlecher wäit ewech vum schiedlechen Afloss vum Tubakkonsum opwuesse kënnen, wärend d’Zuel vu Fëmmerten an der Bevëlkerung an engems bedeitend reduzéiert gëtt.
Fannt de kompletten Artikel an eisem Blog op suessemjetaime.lu >>>
Weider Informatiounen: www.generationsanstabac.lu/
Famillen mat engem positiven Impakt: Atelieren iwwer Transitioun an Nohaltegkeet
D’Gemeng Suessem an EcoTransFaire invitéieren Iech op eng Serie vu 6 Atelieren, vun Enn Mäerz bis Mëtt Juli, iwwert d’Theemen Transitioun a Nohaltegkeet.
D’Workshops wäerten Iech hëllefen:
– Ären Energieverbrauch besser ze verstoen an ze kontrolléieren
– Ären Offall a Waasserverbrauch ze reduzéieren
– Nohalteg a lokal ze consomméieren
– Ären Afloss ze moossen an ze verstoen
D’Participant·ë vun den Ateliere kréien e Suivi-Pass a Rotschléi fir am Eegenheem ëmzesetzen. D’Ateliere gi clôturéiert mat engem Biergerfest.
Méi Informatioune fannt Dir op matgesfeld.lu
Atelieren 1: dënschdes
Energie – Hëtzen » dënschdes 28.03. 18.30–21.00 » Matgesfeld
Energie – Haushaltsapparater » dënschdes 25.04. 18.30–21.00 » Matgesfeld
Waasser » mëttwochs 10.05. 18.30–21.00 » Zolwer Zären
Offall » dënschdes 23.05. 18.30–21.00 » Matgesfeld
Kreeslaafwirtschaft » dënschdes 06.06. 18.30–21.00 » Matgesfeld
Biodiversitéit » dënschdes 04.07. 18.30–21.00 » Zolwer Zären
Atelieren 2: samschdes
Energie – Hëtzen » samschdes 01.04. 10.00–12.30 » Matgesfeld
Energie – Haushaltsapparater » samschdes 29.04. 10.00–12.30 » Matgesfeld
Waasser » samschdes 13.05. 10.00–12.30 » Zolwer Zären
Offall » samschdes 27.05. 10.00–12.30 » Matgesfeld
Kreeslaafwirtschaft » samschdes 10.06. 10.00–12.30 » Matgesfeld
Biodiversitéit » samschdes 08.07. 10.00–12.30 » Zolwer Zären
D’Inscriptioun ass obligatoresch fir déi ganz Serie vu 6 Atelieren. (more…)
Devenir écrivain public
Qu’est-ce qu’un écrivain public ?
L’écrivain public soutient gratuitement une personne dans ses démarches administratives comme:
traduire oralement un document, rédiger un courrier, un CV, remplir un formulaire, …
Pourquoi un écrivain public est-il nécessaire ?
- Illettrisme, analphabétisme
- Non-maîtrise de la langue (officielle)
- Omniprésence de l’administratif
- Complexité des supports d’écriture
- Besoin d’un conseil en écriture
- Non-maîtrise des supports d’écriture numérique
Que fait un écrivain public?
C’est une personne qui écrit pour et avec autrui tout type de texte à caractère privé, administratif ou professionnel
Qu’est-ce qu’il n’est pas ?
Un écrivain public n’est pas
- un·e avocat·e
- un·e assistant·e social·e
- un·e psychothérapeute
- un·e syndicaliste
- un·e souffre-douleur
Les qualités requises sont:
- maîtriser la grammaire et la syntaxe, surtout du français
- avoir un vocabulaire étendu
- disposer d’une écoute attentive et faire preuve d’empathie
Qui est responsable ?
- L’écrivain public assiste la personne à comprendre et à interpréter les courriers.
- Il conseille, informe et aide à formuler un document.
- La personne bénéficiaire reste responsable des documents établis par l’écrivain public.
- L’écrivain public informe la personne sur les éventuelles conséquences et suites de l’écrit.
Interessé·e ?
Merci d’envoyer votre candidature par e-mail à ep@sanem.lu.
Pour plus d’informations, veuillez contacter le 59 30 75 654
Ëmweltkalenner 2023
Kuerz virum Joereswiessel haten all d’Awunner·innen aus der Gemeng den neien Ëmweltkalenner an der Boîte. Dëse verréit Iech net nëmme wéini Är Dréckskëschten eidel gemaach ginn, ma dir fannt all nëtzlech Informatiounen dran.
Fir den Ëmweltkalenner 2023 si mir op en Neits eng Kooperatioun mat 13 Illustratoren·innen agaangen. Ganz am Theema ‘Eat your vegetables’ gëtt et passend zu all Illustratioun och jeeweils e vegetarescht Rezept.
Dir hutt keen Exemplaire kritt? Da frot Iech Äre Kalenner am Biergerzenter vun der Gemeng Suessem.
Entdeckt den neie Kalenner hei >>>
Walen 2023: Campagne Ech ka wielen
Nei Konditioune fir wielen ze goe fir Net-Lëtzebuerger!
– Dir kënnt ouni eng Aschränkung vun der Openthalstdauer wiele goen
– Dir kënnt Iech bis zu 55 Deeg virun de Walen an d’Lëschten androe loossen
Firwat wielen?
Wann ech bei de Gemengewalen den 11. Juni 2023 wiele ginn, da wielen ech direkt d’Gemengeréit, déi meng Interessien an déi vu menger Gemeng an den nächste 6 Joer vertriede wäerten.
Fir méi gewuer ze ginn, klickt hei >>>
Aschreiwungen op echkawielen.lu
Meng Stëmm, mäi Choix – Mäi Choix fir d’Zukunft vu menger Gemeng
Deutsch -> ichkannwaehlen.lu
English -> icanvote.lu
Em português -> eupossovotar.lu
D’Bielesser Post plënnert op de Belval
Méindes, de 25. Abrëll 2022, plënnert de Post-Büro vu Bieles an den Akafszenter Belval Plaza. Do gëtt dësen en Deel vum neien “Espace POST”, dee sämtlech Produkter a Servicer vu POST Luxembourg ubitt. Op dës Manéier ginn d’Post- an d’Finanz-Servicer, déi bis elo zu Bieles ugebuede goufen, duerch d’Offere vu POST Telecom completéiert. Doniewent sinn d’Ëffnungszäite méi laang an och méi flexibel.
De Post-Büro zu Bieles mécht seng Diere freides, den 22. Abrëll 2022, definitiv zou.
Fir den Awunner·innen awer weider an der Géigend eng Méiglechkeet fir Post-Operatiounen unzebidden, mécht POST Luxembourg deemnächst ee “Point Post” zu Bieles op, méi präzis an der “Librairie de l’école” op Nummer 2, rue de l’Usine.
Wousst Dir schonn…
… datt Äre Bréifdréier, op einfach Ufro an ouni zousätzlech Käschten, Iech follgend Servicer ubitt:
- Boergeld vun Ärem Compte Courant POST opzehiewen an Iech dës Sue perséinlech (och a Form vu Rulloen) z’iwwerbréngen,
- Äre Courrier am Fall vun enger Absence oder Plënner zeréckzehalen oder ëmzeleeden
- Sech ëm d’Stempelen an d’Verschécke vun Äre Sendungen ze këmmeren, Iech Timberen, passend Verpackungen oder och nach “FollowMe”-Etiketten heemzebréngen.
Ouverture méindes, de 25. Abrëll 2022
Espace POST Belval Plaza
7, Avenue du Rock’N’Roll
L-4361 Esch/Uelzecht
Ëffnungszäiten :
Méindes-freides 09.00 – 19.00 Auer
Samschdes 09.00 – 18.00 Auer
Ukrain: Esou kënnt Dir hëllefen
D’Gemeng Suessem weist sech solidaresch mat der Ukrain a beliicht zanter kuerzem d’Gemeng zu Bieles an den Artikuss zu Zolwer an de blo-giele Faarwen.
Wann och Dir hëllefe wëllt, fannt Dir hei eng Lëscht vun Organisatiounen déi Spenden, Material a villes méi sammelen:
- Ukraïnka asbl
- LUkraine asbl – Ukrainian Community in Luxembourg
- Care
- Caritas
- Croix-rouge Lëtzebuerg
- Médecins Sans Frontières – Luxembourg
- Sos Villages d’enfants
- Unicef Luxembourg
Mat der Ukraïnka asbl hu mir eng Associatioun an eiser Gemeng, déi sech schonns säit Jore fir d’Land um Schwaarze Mier asetzt. Hir Grënnerin Natalia Pavlyk erzielt eis, wéi si déi dramatesch Situatioun an hirer Heemecht aktuell erlieft a wéi d’Leit konkret hëllefe kënnen >>>
D’Cycle 4-Schüler·innen aus dem Kannercampus Belval drécke mat engem nodenkleche Video hir Solidaridéit mat der Ukrain aus.
Jean-Pierre Schlesser neie Member vum Gemengerot
Um Mëttwochmëtteg, 08. September 2021, ass de Jean-Pierre Schlesser (LSAP) als neie Member vum Gemengerot vereedegt ginn.
De 57-järege pensionéierten Employé privé vun Zolwer trëtt d’Successioun vum Nadine Tornambé-Duchamp un, déi hire Posten no 11 Joer am Déngscht vun de Suessemer Bierger ofleet.
Fir de Jean-Pierre Schlesser ass et no 2011-2017 dat zweet Mandat am Suessemer Gemengerot.
Aarbechten um Boulevard J-F Kennedy zu Käerjeng
De Méindeg, 30. August 2021 start e gréissere Chantier um Boulevard J-F Kennedy zu Käerjeng.
Fir eng Dauer vu méi wéi dräi Joer ass d’Strooss hannert der Gare Käerjeng-Suessem gespaart. Den Accès op d’Gare bleift weiderhi garantéiert.
Eng Deviatioun mat roude Luuchte geet duerch d’Rue de la Continentale an d’Industriezone Robert Steichen.
Accessibel bleift de Boulevard J-F Kennedy just fir Bewunner, Liwweranten an d’Rettungsdéngschter. Am Kader vun dësen Aarbechte kréien och d’TICE-Linnen 3, 13, 14 a 15 en neien Horaire.
Mam Ruff Bus an den Impfzenter
Wosst Dir schonns, datt de Ruff Bus wärend der kompletter Impfcampagne och den neien Impfzenter Belval ufiert?
Niewent de siwe bis ewell bekannten Destinatiounen an der Gemeng an Ëmgéigend, kënnt Dir elo also och Ären Trajet an den Impfzenter um Belval buchen.
Rufft einfach op der Gratisnummer 8002 20 20 un.
Reservéiert esou fréi wéi méiglech, awer net méi spéit wéi 45 Minutte virum gewënschte Start.
All d’Informatiounen iwwert de Ruff Bus fannt Dir hei: Ruff-Bus-Informatiounen
Adress:
Centre de Vaccination Belval
Maison des matériaux / Bâtiment Nord
30, avenue des Hauts-Fourneaux
L-4365 Esch-sur-Alzette
Glasdreckskëscht antauschen
Vum 04. Januar 2021 un, kënnt Dir Är al Glasdreckskëschten (40l) eemoleg a gratis géint eng nei brong Poubelle antauschen.
Dës nei Kiwwelen op Rieder faasse bis zu 120l an erliichteren net nëmmen Äert Liewen, mee och dat vun den Aarbechter, déi se eidel maachen.
Fir Commercen a Residencë ginn et och Poubelle mat engem Volume vun 240l.
Luxembourg Pride Week 2020: Visibilitéit fir d‘LGBTIQ+ Communautéiten an der Gemeng Suessem
Wärend der Luxembourg Pride Week 2020 erstraalt d’Gemeng Suessem vum 4. bis den 12. Juli an de Reeboufaarwen an der Nuecht, an am Dag sinn d’Pride-Fändele gehisst. Heimat wëlle mir den LGBTIQ+ Communautéiten eis Ënnerstëtzung ausdrécken. LGBTIQ+ steet fir lesbesch, schwul, bisexuell, trans*, intersexuell, queer an all weider sexuell Orientatioun.
D’ILGA-Europe, d‘International Lesbian and Gay Association, huet Lëtzebuerg an hirem Rainbow Europe-Klassement 2020 op Plaz 3 vun 49 europäesche Länner agestuuft. Trotz der gudder Positioun bleiwen awer nach Baustellen, un deene geschafft muss ginn. Eng vun den Associatioune bei eis am Land, déi sech fir d’LGBTIQ+ Communautéiten asetzt, ass d’Asbl Rosa Lëtzebuerg.
Rosa Lëtzebuerg organiséiert dëst Joer hir traditionell Luxembourg Pride Week ënnert engem neie Format. Wat virun 21 Joer mat engem Dag an engem Informatiounsstand op der Place d’Armes an der Stad ugefaangen huet, ass haut e Festival vun enger Woch mat engem Ofschlossmarsch duerch d’Uelzechtstrooss zu Esch. Duerch d’Covid-19-Pandemie, fënnt d’Luxembourg Pride Week déi éischte Kéier online, ënnert dem Motto Du bass net alleng, statt.
„D’LGBTIQ+ Communautéit ass immens vulnerabel. Et gi Jonker, déi doheem net akzeptéiert ginn. Si fanne sech net méi erëm, well se am Confinement och nach doheem isoléiert ginn. An dëser Situatioun kënne si net einfach an e Jugendgrupp goen, a sinn doduerch eleng an op sech gestalt.“, erkläert de Laurent Boquet, Member vum Conseil d’Administration vu Rosa Lëtzebuerg an Organisateur vun der Luxembourg Pride Week.
„En Thema, wat quasi onsichtbar ass, sinn eeler homosexuell Persounen, déi keng Famill, keng Kanner a kee Partner hunn. Da kommen och nach all déi Leit, déi aus hirer Heemecht fortlafe wëllen, well se do gefoltert, verfollegt an ëmbruecht gi wéinst hirer sexueller Orientatioun oder geschlechtlecher Identitéit. Och si hunn eng zousätzlech Barrière duerch de Covid-19 kritt a fille sech eleng a konnten net fortlafen. Zudeem gëtt et och nach d’Situatioun vun den DPIen a BPIen (Demandeurs a Bénificiaires de Protection internationale), déi iwwert déi Zäit mat anere Leit zesummeliewe missten, déi eng ganz aner Mentalitéit hu wéi mir hei zu Lëtzebuerg. An der Struktur hu si sech erëm misse verstoppen, wéi se dat schonn an hirer Heemecht hu misse maachen. Dat heescht, et ginn nach vill Baustellen, wou ee feststelle kann, dass déi Leit einfach eleng sinn.“, esou de Laurent Boquet. Et geet also net nëmmen drëm d’Einsamkeet unzeschwätzen, mee och déi Leit visibel ze maachen, déi an eiser Gesellschaft oft onsichtbar sinn.
D’Ophänke vun engem Pride-Fändel an d’Beliichte vum Gemengegebai ass just e klenge Schratt, deen dozou bäidroe soll, dass d‘LGBTIQ+ Communautéite sech net méi ze verstoppe brauchen an als selbstverständlech ugesi solle ginn. D’Associatioun wënscht sech fir déi kommend Joeren, dass d’Visibilitéit an d’Akzeptanz weider wuesse wäerten. D’Gemeng Suessem schléisst sech gären dem Haaptmessage vu Rosa Lëtzebuerg un, un all déi, déi seng eleng fillen: „Dir sidd net eleng. Mir sinn do.“
D’Programmatioun vun der Luxembourg Pride Week kënnt dir hei fannen: http://gaymat.lu/Lu/pride-week-2020/
Service à l’Égalité des chances et Diversité :
Annick Spellini
Tél : 59 30 77 – 654
Email : annick.spellini@suessem.lu