Info-Owend Iwwerschwemmungen a Staarkreen
FIR D’AWUNNER∙INNE VUN ÉILERENG A SUESSEM
De Schäff∙innerot vun der Gemeng Suessem, an Zesummenaarbecht mat der Waasserwirtschaftsverwaltung (AGE), invitéieren iech zu Informatiouns- a Diskussiounssessiounen iwwert d’Präventioun am Kader vun Iwwerschwemmungen a Staarkreen. D’Zwëschenresultater vum kommunale Präventiounsplang, deen a Kooperatioun mat eepi Luxembourg S.à r.l. entwéckelt gouf, ginn op dëse Sessioune presentéiert. Dës Rencontere bidden och d’Méiglechkeet, d’Themen ze diskutéieren, Froen ze stellen a Virschléi ze maachen. Praktesch Rotschléi, wéi dir är Proprietéit géint méigleche Schued schützt, ginn och ugebuede.
D’Umeldung ass obligatoresch (a Froe mussen am Viraus agereecht ginn) bis den 8. Juni: inondations@suessem.lu | +352 59 30 75 – 42
Een Informatiounsowend fir d’Awunner∙inne vu Bieles an Zolwer den 10. Juni 2026.
