Aweiung Cuisine banale
De Schäff·innerot vun der Gemeng Suessem huet déi grouss Freed Iech op d’
Ofschlossfest – Cuisine banale
anzelueden.
Kommt mat eis den Ofschloss vum Projet vun der Cuisine banale feieren! En internationale Kënschtler·innekollektiv, geleet vum Duo d-o-t-s (Laura Drouet | Olivier Lacrouts), presentéiert Iech eng originell mobil Kichen, déi wärend dräi Wochen Openthalt zu Suessem entwéckelt gouf a gréisstendeels aus recycléierte Materialien besteet.
Um Programm: eng gemittlech Atmosphär a kulinaresch Entdeckungen, déi um Matgesfeld gedeelt ginn.
E festlechen a genossvolle Moment fir jiddereen!