Fiederliicht – Expo Parc Backes
Fräiloftausstellung vum Silvano Flamini am Parc Backes vum 9. Juli bis 1. Oktober 2026 mat Vernissage dësen Donneschdeg, den 9. Juli um 18.30 Auer.
De Silvano Flamini, Joergang 1956, huet seng Kandheet a Jugend am Metzerlach verbruecht a wunnt zënterhier an der Gemeng. Bicher a Comicken hunn hien ëmmer interesséiert, genau esou ewéi Naturreportagen a Fotografie. No senger éischter grousser Passioun, der Petanque, huet hie seng Leidenschaft fir d’Fotografie nei entdeckt an ass zënter Joren am Photoclub vun der Gemeng Suessem aktiv. Och wann hien d’Fotografie am allgemenge gären huet, sou ass seng heemlech Léift d‘Vullefotografie, déi dëser Ausstellung schlussendlech hiren Numm ginn huet – Fiederliicht.
Eng Organisatioun vum Schäff·innerot a Collaboratioun mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Suessem. Ënnert dem Auspice vun der Fédération Luxembourgeoise de la Photographie Artistique.
