Ofschlossiessen – Cuisine banale
D’Aweiung vun der Cuisine banale war e grousse Succès: bal 50 Leit hu sech eis ugeschloss, fir e wonnerbare Mëtteg e Samschdeg, den 30. Mee 2026, am Matgesfeld. No enger Residenz vun 3 Wochen zu Bieles wëlle mir de Kënschtler∙innen fir hir Kreativitéit an Energie Merci soen. Dat nämmlecht gëllt fir eis Mataarbechter∙innen aus de betraffene techneschen an administrativen Departementer fir hiert Engagement an hir Ënnerstëtzung hannert de Kulissen.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri














































































