Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
25/11/2026

Loosst Iech net beducksen!

Onbekannt Persoune klappen un Är Dier? Krimineller gi sech dacks als Handwierker·innen, Polizist·innen oder Mataarbechter·inne vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen oder private Betriber aus, fir Äert Vertrauen ze gewannen. Loosst ni eng Persoun eran, déi Dir net kennt! Halt d’Dier zou an huelt Iech Zäit, fir hir Identitéit ze kontrolléieren.
 
En Uruff vun Ärem „falschen“ Enkelkand?
 
Um Telefon kënne krimineller sech als Är Enkelkanner, aner Familljememberen, Polizist·innen oder aner offiziell Vertrieder·innen ausginn. Dacks versiche si, Iech ënner Drock ze setzen, fir u Suen oder perséinlech Informatiounen ze kommen. Sidd virsiichteg bei all dréngender oder ongewéinlecher Ufro. Leet op a kontaktéiert am Zweiwelsfall selwer d’Police um 113.
 
Passt op bei falsche Gewënnspiller an Internetbedruch!
 
Wann Dir gefrot gitt, fir e Präis ze bezuelen, deen Dir gewonnen hutt, handelt et sech ëm Bedruch. Gitt och ni Är Bankdaten, Passwierder oder aner perséinlech Donnéeën um Telefon oder um Internet weider. Bezuelt näischt a gitt keng vertraulech Informatioune weider. Am Zweiwelsfall: Rufft den 113 un!
 
Wann Iech eppes verdächteg virkënnt: Maacht d’Dier zou. Leet op. Bezuelt näischt. Gitt keng perséinlech Informatioune weider. Méi Infoen hei: Campagne Police LU
 
 

Zréck