Partizipative Budget: Elo ass et un Iech!
A wann eng gutt Iddi, déi hei entstanen ass, zu engem konkrete Projet fir d’Gemeng géif ginn? Mam partizipative Budget invitéiert d’Gemeng Suessem hir Awunner·innen, Projete virzeschloen, déi dem Allgemengwuel déngen, d’Liewensqualitéit verbesseren, d’Zesummeliewe stäerken an déi kollektiv Initiativen um ganze Gemengegebitt ënnerstëtzen. D’Gemeng Suessem lancéiert hiren alleréischte partizipative Budget, dee fir dësen éischten Zyklus mat 50.000 Euro dotéiert ass. D’Zil ass einfach: De Bierger·innen d’Méiglechkeet ginn, konkret, nëtzlech an ëmsetzbar Iddie fir d’Gemeng anzereechen. D’Projete kënnen sech op en ëffentleche Gemengeraum, e Quartier, e Gebai, e Park oder all aner Plaz um Territoire vun eiser Gemeng bezéien.
Projete kënne vun Awunner·innen agereecht ginn, déi an der Gemeng Suessem wunnen an op d’mannst 12 Joer al sinn, souwéi lokal Veräiner a Gruppen, déi vun der Gemeng unerkannt sinn. All natierlech oder juristesch Persoun däerf pro Zyklus nëmmen ee Projet areechen. Politesch Mandatairen, Gemengebeamten·innen an d’Membere vum Comité de suivi kënne keng Projeten areechen. All Informatioune fannt Dir am Reglement vum partizipative Budget vun der Gemeng Suessem: Réglement BP
Dir hutt eng Iddi fir eis Gemeng? Schlot se vir, deelt se a loosst se Realitéit ginn. Hei de Link.
Delai fir den Dépôt: den 20. Januar 2027
Froen? E-Mail op service.rpc@suessem.lu oder Telefon via 59 30 75 – 503