Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
29/10/2026

Nächst Phas vum Chantier bei der Grondschoul Bieles-Post

Am Kader vun de Fortschrëtter bei den Aarbechte fir d’Aféierung vun enger 30er-Zon an der Géigend vun der Grondschoul Bieles-Post gëtt den neie Stroossebelag op der Kräizung Rue de France – Rue de la Poste an op engem Streckenofschnëtt vun der Rue de l’Usine zu Bieles geluecht.
 
Ufank vun den Aarbechten: e Méindeg, den 9. November 2026 um 9.00 Auer
Enn vun den Aarbechten an Ouverture vun der Strooss: e Sonndeg, de 15. November 2026 géint 10.00 Auer

 
Fir datt d’Aarbechte reiwungslos oflafen, ginn déi betraffe Streckenofschnëtter fir déi ganz Dauer vun den Aarbechte fir de Verkéier gespaart, inklusiv de Parkplazen an der Géigend.
 
Déi eenzeg Zoufaart mam Auto fir d’Awunner·innen aus deem Deel vu Bieles, deen nordwestlech vun der Eisebunnslinn läit, ass iwwer d’Rue d’Oberkorn, d’Rue de la Gare an d’Rue Grande-Duchesse Charlotte méiglech.
 
Mir erënneren drun, datt d’Parken ausserhalb vun de markéierte Parkplaze verbueden ass, fir datt d’Gefierer laanschtenee fuere kënnen.
 
Wéinst de lokale Stroosseverhältnisser an der Rue Grande-Duchesse Charlotte an der Rue de la Gare, souwéi dem Duerchgangsverkéier aus Frankräich, gëtt d’Rue de France op der Héicht vun der Grenz (Haus Nummer 164) fir de gesamte Verkéier gespaart.
 
Am Kader vun de Virbereedungsaarbechte gëtt d’Rue du Stade wärend dëser Zäit an eng Strooss mat Verkéier a béid Richtunge verwandelt. E provisoresche Busarrêt ersetzt den Arrêt Postschoul ab e Samschdeg, den 31. Oktober 2026 géint 7.30 Auer.
 
Informatiounen zum RGTR-/TICE-Netz fannt Ddir op www.mobiliteit.lu.
 
Fir weider Informatioune kënnt dir de Service technique ënner der Telefonsnummer 59 30 75 – 477 oder per E-Mail op secretariat.technique@suessem.lu kontaktéieren.
 
 

 
 

Zréck