Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
22/10/2026

Sport a Fräizäit um Parc um Belval mat der BoxUp

Loscht, iech ze beweegen, Spaass ze hunn oder eng nei Outdoor-Aktivitéit auszeprobéieren? Mat der BoxUp-Statioun am Parc um Belval kënnt dir gratis Sport- a Fräizäitmaterial ausléinen an déi verschidde Méiglechkeeten am Park voll ausnotzen. Basketball, Badminton, Disc Golf oder Cornhole stinn iech zur Verfügung, fir zesumme mat Frënn oder der Famill eng flott Zäit ze verbréngen.
 
Wéi funktionéiert et?
 
1. D’BoxUp-App eroflueden: D’App ass gratis fir iOS an Android verfügbar.
2. E Kont erstellen: Instruktiounen an der App soen iech, wéi et geet.
3. Material auswielen: Wielt an der App d’Statioun am Parc um Belval aus a maacht dat entspriechend Fach direkt iwwer äre Smartphone op.
4. Araumen: Wann dir fäerdeg sidd, leet d’Material einfach zeréck an dat entspriechend Fach, fir d’Ausléinen ofzeschléissen.
 
De Service ass komplett gratis an erméiglecht et iech, eng grouss Auswiel u Sport- a Fräizäitaktivitéiten ze entdecken, ouni äert eegent Material musse matzebréngen. Also, rufft är Kolleeg∙innen zesummen, sicht eng Aktivitéit eraus a entdeckt de Parc um Belval vun enger anerer Säit!
 
 



 
 

Zréck