Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
16/10/2026

Info zu Drénkwaasserversuergung vum 18. bis den 20. Oktober

Wéinst dringende Maintenanceaarbechte vun eisem Fournisseur SES un der Haaptleitung gëtt d’Versuergung vun eisen Héichbehälter mat Waasser tëscht e Sonndeg, dem 18. Oktober um 23.00 Auer an en Dënschdeg, den 20. Oktober géint 2.00 Auer temporär ënnerbrach.
 
D’Stéit an eiser Gemeng brauche sech keng Suergen ze maachen: D’Drénkwaasserversuergung ass wärend dëser Zäitperiod dank eise Stockagekapazitéite garantéiert, an dat mam gewinntem Drock. Et ass also net néideg, doheem extra Waasserreserven unzeleeën.
 
Mir bieden iech awer, follgend Consignen ze respektéieren: Fir eis Reserven ze schounen, verzicht wgl. wärend der genannter Zäit op all onnéidegen oder exzessive Waasserverbrauch, notamment d’Fëlle vu Schwämmen, intensiivt Bewässere vu Gäert oder d’Wäsche vu Gefierer.
 
De Waasserservice vun der Gemeng Suessem iwwerwaacht d’Waasserniveauen an d’Versuergung vum Netz permanent.
 
Merci fir äert Verständnis.
 
 

Zréck