Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
18/09/2026

Gewënner∙inne vu „Pimp my Bushaischen“

De Concours „Pimp my Bushaischen“ huet op en neits gewisen, wéi vill Fantasie a Kreativitéit eisen Alldag verännere kënnen. D’Iddi ass einfach: de Bushaisercher an der Gemeng en neit Liewen ze ginn, andeems se mat kënschtleresche Projete vu Schoulen, Veräiner, Familljen a Biergerinnen a Bierger verschéinert ginn.

D’Aktioun gouf 2016 am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch an d’Liewe geruff a war direkt e grousse Succès. Och haut begeeschtert a mobiliséiert si nach ëmmer vill Leit, well si net nëmmen dozou bäidréit, d’Busarrêten méi agreabel ze gestalten, mee och d’Bewosstsinn fir eng nohalteg Mobilitéit ze stäerken.

D’Participantë hu vill Zäit, Energie a Leidenschaft an hir Kreatioune gestach. All Busarrêt erzielt seng eege Geschicht, vermëttelt e Message a spigelt den Engagement vun deene Leit erëm, déi un deem Projet matgeschafft hunn.

Donneschdes, de 17. September 2026, goufen am Kader vun der Präisiwwerreechung am Festsall vun der Gemeng d’Gewënnerinnen a Gewënner bekannt ginn:

1. Präis (500 €) : SEA Roudewee – Arrêt Schoul Roudewee
2. Präis (250 €) : SEA Crèche Roudewee – Pakebierg
3. Präis (250 €) : SEA Scheierhaff – Scheierhaff

Trouschtpräis (250 €) :
GS Grupp Gr.-D. Jean Bieles-Zolwer – Place de l’Indépendance
Résidence op der Waassertrap – Metzerlach
Famill Donyo – Um Bedding
Famill Delgado – Mairie

E grousse Merci u sämtlech kreativ a motivéiert Kënschtler.innen, déi bei dësem Projet matgemaach hunn.

Fotoen: Gemeng Suessem / Cliff Schmit

 

Zréck