ROOTS: En neien nohaltege Projet um Belval
Den Immobilieprojet ROOTS am Häerz vum Belval huet mat der traditioneller Straussfeier den 11. September 2026 e weidere wichtege Meilesteen erreecht. Bei dëser Geleeënheet waren ënner anerem de Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau an Territorialplanung, an d’Simone Asselborn-Bintz, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Suessem, souwéi Vertrieder·inne vun de verschiddene Partner vum Projet dobäi.
Um Central Square entsteet op méi wéi 20.000 m² e gemëschte Projet mat 102 Wunnengen, Bürosflächen, Geschäfter a Servicer. E wichtege Bestanddeel vum Projet ass och d’Gestaltung vu begréngten a gemeinschaftlech genotzte Raim, mat engem erhiefte Gaart, engem Gemeinschaftsgaart an agreabele Plaze fir ze verweilen.
ROOTS setzt besonnesch op eng nohalteg an zukunftsorientéiert Bauweis. De Projet integréiert e groussen Undeel un Holz an der Konstruktioun an ëmweltbewosst Léisunge fir de Kuelestoffofdrock ze reduzéieren. Fotovoltaikanlagen, d’Notze vu Reewaasser an eng Belëftungsanlag mat Wärmeréckgewënnung droen zousätzlech zu enger méi héijer Energieeffizienz an engem verantwortungsvolle Ressourcëverbrauch bäi.
Och am Beräich vum bezuelbare Wunnraum setzt ROOTS e wichtegen Akzent: De Lëtzebuerger Staat huet 30 Wunnengen am Gesamtwäert vun 20,615 Milliounen Euro iwwerholl. Dës Wunnengen ginn zu bezuelbare Loyeren ugebueden a vun der SNHBM geréiert.
Duerch seng zentral Lag, an der direkter Ëmgéigend vun der Gare Belval-Universitéit, der Uni.lu, der Rockhal, de Geschäfter an de ville Servicer, dréit ROOTS zu der weiderer Entwécklung vum Belval als liewegen, gemëschten an nohaltege Quartier bäi.
D’Fäerdegstellung vun de Wunnengen ass ab Enn 2026 geplangt. De Bürosdeel soll bis Enn 2027 fäerdeg gestallt ginn.
© BPI Real Estate / Julian Pierrot