Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
17/06/2026

Informatiounsowend – Staarkreen an Iwwerschwemmungen

D’Gemeng Suessem huet sech viru kuerzem besonnesch mat der Preventioun géint Staarkreen an Iwwerschwemmungen beschäftegt, eng Erausfuerderung, déi duerch d’Hausse vun extreme Wiederphenomener ëmmer méi konkret gëtt. Fir d’Bevëlkerung ze sensibiliséieren a konkret Schutzmoossname virzestellen, goufen den 10. Juni zu Zolwer an den 11. Juni zu Suessem zwee Informatiounsowenter organiséiert. Bei dëse Versammlunge goufen d’Awunner·innen iwwer d’Risike vu staarkem Reen informéiert, awer och iwwer Moossnamen, fir hir Haiser an Terraine besser ze schützen.
 
Kaarten a Preventioun
 
D’Participante konnten dobäi déi offiziell Risikokaarten um Geoportail kenneléieren, déi et erlaben, Beräicher ze identifizéieren, déi potenziell vun Héichwaasser a Staarkreen betraff sinn. Dës Informatioune sinn e wäertvollt Instrument, fir d’Situatioun am eegene Quartier oder beim eegene Gebai besser ze verstoen an, wann néideg, passend Preventiounsmoossnamen an d’A ze faassen.
 
Experten op der Plaz
 
D’Informatiounsowenter goufe vum Här Claude Schortgen vun der Waasserwirtschaftsverwaltung an dem Här Markus Ott vum Ingenieursbüro eepi geleet. D’Referenten hunn op eng verständlech Aart a Weis erkläert, wéi Iwwerschwemmungen entstinn, wéi eng Konsequenze si fir Wunngebaier an Infrastrukture kënne mat sech bréngen a firwat et wichteg ass, virzesuergen amplaz eréischt no engem Schued ze reagéieren.
 
Individuell Berodung
 
Nieft der Presentatioun vun de Risike gouf besonnesch Wäert op konkret Schutzmoossname geluecht. Jee no Situatioun kann et dorëms goen, verschidden Amenagementer unzepassen, empfindlech Beräicher vun engem Gebai besser ofzesécheren oder spezifesch technesch Léisungen ze envisagéieren. D’Gemeng huet ënnerstrach, datt eng individuell Berodung méiglech ass, fir de Bierger·innen dobäi ze hëllefen, d’Schwaachstelle vun hirem Doheem besser ze erkennen.
 
Kontakt a Rendez-vous
 
An dësem Kader kënnen interesséiert Persounen d’Gemeng iwwer d’E-Mail-Adress inondations@suessem.lu kontaktéieren. Et ass och méiglech, e Rendez-vous doheem mat der Gemeng an/oder dem Ingenieursbüro ze vereinbaren, fir d’Situatioun op der Plaz ze evaluéieren an déi passend Moossname festzeleeën, fir sech géint Staarkreen an Iwwerschwemmungen ze schützen.
 
Fotoen: Gemeng Suessem / Cliff Schmit
 

Präventioun Iwwerschwemmung

  • Heimat gitt Dir eis den Accord Är Donnéeë mam Ingenieursbüro eepi Luxembourg S.à.r.l. ze deelen. Mir mellen eis bei Iech fir e Rendez-vous ze fixéieren.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
 
 





 
 

Zréck