Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Zone 30 – Méi Liewensqualitéit fir eis all!

Wat ass eng Zone 30?

 

Signalisatioun

Den Ufank an d’Enn vun enger Tempo-30-Zone ginn ëmmer mat engem 30-Schëld gekennzeechent, souwéi engem rout hannerluechten Zeebrasträifen.

Riets-Virfaart

An enger 30er-Zone ginn all d’Virfaarte mat “riets viru lénks” gereegelt, d. h. et gëllt Riets- Virfaart op alle Kräizungen.

Grondsätzlech keng Einban

Well an enger Einban grondsätzlech méi séier gefuer gëtt, verlaangt den zoustännege Ministère, datt dës innerhalb vun 30er-Zonen op ee Minimum reduzéiert ginn.

Keng Zeebrasträifen

Duerch déi méi geréng Vitess, sollen d’Foussgänger d’Méiglechkeet kréien, do iwwert d’Strooss ze goen, wou si wëllen.

Keng Spillstrooss

Et sief dorunner erënnert, datt eng Tempo-30-Zone keng Spillstrooss ass. Dës sinn näm-lech speziell ausgeschëldert an an dëse Stroosse gëllt eng maximal Vitess vun 20 km/h.

Manner Bremswee

De Risiko vun engem déidlechen Accident ass mat 50 km/h 4x méi grouss wéi bei Tempo 30.

Een ongebremsten Opprall mat 30 km/h entsprécht enger Chute aus 3,5 m, bei 50km/h wier dëst schonn ee fräie Fall aus 10 m Héicht.

Manner Kaméidi

Mat der Reduzéierung vun der Vitess vu 50 km/h op 30 km/h hëlt de Geräischpeegel ëm 3dB of, wat ongeféier der Halschent vum empfonnte Kaméidi ausmécht.

Méi Siichtfeld

Ee Chauffer riicht säi Bléck an der Reegel op ee Punkt, op deem hie sech 2 bis 3 Sekonne méi spéit erëmfënnt. Duerch eng méi geréng Vitess, verbessert sech d’Visibilitéit vu sengem Ëmfeld an et bleift him méi Zäit ze reagéieren an Accidenter ze vermeiden.

Code de la Route

Wie sech net un de Code de la Route hält, dee riskéiert net nëmmen d’Liewe vu senge Matmënschen, mee och een uerdentleche Protekoll.

34–48 km/h – 49 €
49–53 km/h – 145 € + 2 points
54–72 km/h – Délit de grande vitesse
> 73 km/h – Retrait immédiat du permis

 

Pdf: Zone 30 – Méi Liewensqualitéit fir eis!