Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Posts By: sarah

Flèche du Sud vum 28. Mee bis 1. Juni

D’Flèche du Sud geet och dëst Joer nees duerch eis Gemeng. Depart vun der 2. Etapp mat 160,2 Kilometer ass e Freideg, den 30. Mee zu Suessem an der Rue de Niederkorn a féiert och duerch Zolwer an e Sonndeg, den 1. Juni duerch Bieles. Zu Suessem, Bieles an Zolwer féiert d’Course duerch eng Partie Stroossen.

Zweet Etapp den 30. Mee 2025 – Suessem an Zolwer

 

 
Start- an Etappenzil sinn zu Suessem an der Rue de Niederkorn virun der Sportshal. D’Streck tëscht der Rue du Château an dem Haus mat der Nummer 74 ass wärend der Course komplett fir de Verkéier gespaart. Et kann tëscht 12.55 a +/- 16.30 Auer zu Perturbatiounen am Verkéier kommen.
 
Falls dir ären Auto braucht, kann dëse bis 10.00 Auer aus deem betraffene Streckenofschnëtt geréckelt ginn. Zousätzlech gëtt déi gesamt Streck am Sens-unique gereegelt a verschidde Stroosse sinn eng Stonn virum Depart an eng Stonn no der Arrivée gespaart. Verschidde Busarrête wäerten net ugefuer ginn. Op mobiliteit.lu ginn et méi Informatiounen zu de betraffenen TICE- an RGTR-Linnen.

Véiert Etapp den 1. Juni 2025 – Bieles

 

 
Zu Bieles sinn d’Stroosse Route d’Esch, Rue de la Poste, Rue de l’Usine an de Boulevard C. de Gaulle betraff. De Verkéier gëtt op där gesamter Streck tëscht +/- 12.00 a 17.30 Auer am Sens-unique gereegelt. Verschidde Busarrête wäerten net ugefuer ginn. Op mobiliteit.lu ginn et méi Informatiounen zu de betraffenen TICE- an RGTR-Linnen.
 
Flèche du Sud 2025
 
 

Nopeschfest

D’Nopeschfest ass eng speziell Geleeënheet, wou d’Leit aus dem ganze Land zesummekommen, fir d’Noperschaft, d’Zesummeliewen an déi gutt Stëmmung ze feieren. Et ass e Moment voller Freed, Austausch a schéinen Encountren, déi d’Bezéiunge tëscht den Awunner·innen an eiser Gemeng stäerkt..
 
All Mënsch ka beim Nopeschfest matmaachen. Et ass déi ideal Geleeënheet, är Noperschaft anzelauden, nei Leit kennen ze léieren a staark Verbindungen an ärer Communautéit opzebauen.
 
Wéi kënnt dir ärt Nopeschfest organiséieren?
 
Sicht iech als éischt eng Plaz aus, wou dir iech kënnt zesummesetzen, a lued är Noperschaft op ee flotten Owend an. Fir iech dobäi ze ënnerstëtzen, gëtt iech am Kader vum Nopeschfest Kommunikatiounsmaterial zur Verfügung gestallt.
 
Wéi eng Plaz ass déi richteg?
 
Eng Plaz am Fräien ass ideal, zum Beispill e Gaart, eng gemeinsam Plaz an engem Haff oder e breede Trottoir. D’Sécherheet vun alle Participant·innen steet am Mëttelpunkt, also bleift wannechglift wäit ewech vum Stroosseverkéier. Wann dir en ëffentleche Raum benotze wëllt, denkt dru virdru eng Geneemegung bei der Gemeng unzefroen.
 
Wéi eng Aktivitéite si passend?
 
Setzt op Ofwiesslung: Gesellschaftsspiller, Musek, Animatioun fir Kanner – suergt dofir, dass all Mënsch Spaass huet, onofhängeg vum Alter.
 
Fir all Froen oder zousätzlech Informatioune kënnt dir iech un de Service Sociétés wenden.
 
E Samschdeg, de 24. Mee organiséiere mir am Parc Metzerlach eist Nopeschfest. Weider Informatiounen dozou ginn et hei.
 
 

Militäresch Übung

Tëscht dem 12. a 14. Mee 2025 gëtt op eisem Terrain oder an direkter Ëmgéigend eng militäresch Übung organiséiert. Dësen Exercice ass Deel vun der operativer Virbereedung vun der Lëtzebuerger Arméi am Kader vun zukünftegen Asätz am Ausland an am Kontext vun internationalen Engagementer.
 
D’Aktioun gouf vun der Verdeedegungsministesch autoriséiert a gëtt ënnert dem Respekt vun alle gëltege Sécherheetsnormen duerchgefouert.
 
Et ass mat Presenz vu militäreschem Personal a Gefierer ze rechnen. D’Stéierunge fir d’Populatioun gi versicht sou wäit wéi méiglech ze reduzéieren an d’Ëmwelt ze schounen, sou d’Arméi an engem Schreiwes.
 
Fir Froen oder weider Informatioun kënnt dir iech un d’Divisioun Operatiounen a Formatioun (DOps/Instr) wende via (+352) 247 – 57331 / 57332 oder instr@armee.etat.lu
 
 

Verpasst keng nei Sproochecoursen

Am Kader vum Programm aktiv! vun der Gemeng Suessem ginn nieft der sportlecher Offer och reegelméisseg Sproochecoursë ugebueden.
 
Dës Coursë bidden d’Méiglechkeet, seng Sproochkenntnisser ze verbesseren – egal ob am Kader vum Beruff, aus perséinleche Grënn oder einfach aus Interessi un de Sproochen. D’Course sinn un ënnerschiddlech Niveauen ugepasst a ginn a klenge Gruppe vun erfuere Formateur·innen ofgehalen.
 
Wann dir iech fir d’Course vum aktiv! nach net ageschriwwen hutt, ass et trotzdeem méiglech, um Lafenden ze bleiwen. Mir kënnen iech informéieren, soubal nei Coursen ugebuede ginn. Dir kënnt iech hei abonéieren.
 
 

Preventiounswoch vun der Iwwerschëldung

D’Regierung organiséiert vum 28. Abrëll bis den 2. Mee 2025 déi drëtt Editioun vun der Nationaler Preventiounswoch vun der Iwwerschëldung. Dës Initiativ vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, an Zesummenaarbecht mat der Inter-Actions ASBL an der Ligue Médico-Sociale, huet zum Zil, d’Ëffentlechkeet iwwer d’Risike vun der Iwwerschëldung ze sensibiliséieren, d’Präventioun ze fërderen an op déi bestoend Hëllefsméiglechkeeten opmierksam ze maachen.
 
D’Iwwerschëldung gëtt nach ëmmer als Tabuthema ugesinn, mee ass eng Realitéit, déi all Mënsch betreffe kann, onofhängeg vum Alter, Beruff oder der Familljesituatioun. Si zeechent sech doduerch aus, datt et net méi méiglech ass, seng Scholden zréckzebezuelen oder seng Rechnungen ze begläichen. D’Ursaache si villfälteg: Aarbechtslosegkeet, Krankheet, Scheedung oder eng ongënschteg Budgetsverwaltung.
 
Am Laf vun dëser Woch ginn am ganze Land verschidde Mesuren ergraff gi fir d’Bierger·innen ze informéieren an ze ënnerstëtzen:

  • Konferenzen an Atelieren: Et ginn Informatiounssessiounen iwwert Budgetsgestioun, Konsumenterechter an d’Prozedure fir d’Scholdereegelung ugebueden.
  • Informatiounsstänn: Op verschidde Plazen am Land ginn et Informatiounsstänn, wou Broschüre verdeelt ginn an d’Leit kënne Froe stellen.
  • Educativ Aktivitéiten: An de Schoule gi speziell Programmer organiséiert fir jonk Leit fir e verantwortungsvollen Ëmgang mat Geld ze sensibiliséieren.

D’Gemeng Suessem bitt zesumme mam Office social eng Ulafstell un. Dëse Service ass anonym, gratis, ouni Engagement a vertraulech. Méi Informatioune ginn et hei.
 
 

Weiderbildungsprogramm fir Veräiner

eLo vu Minett Unesco Biosphere lancéiert geschwënn e gratis Weiderbildungsprogramm, speziell fir all d’Veräiner a Clubben aus de Gemenge vum Syndikat Pro-Sud an der CCPHVA (Communauté de Communes Pays Haut Val d’Alzette).
 
Zil ass et iech ze hëllefen, de Veräinsalldag méi nohalteg an ëmweltfrëndlech ze gestalten.
 
Wat iech erwaart:

  • Manner Plastik – méi Nohaltegkeet a Weiderverwendung
  • Fokus op regional a saisonal Liewensmëttel
  • Ëmweltfrëndlech Mobilitéitsléisungen
  • Sensibiliséierung – vu Memberen a Gäscht
  • … a vill praktesch Tipps!

Är Meenung zielt! Dir organiséiert reegelméisseg Evenementer oder Aktiounen an ärem Veräin? Da maacht mat a sot eis, wat an de Workshop-Programm afléisse soll. Klickt hei fir un der Ëmfro deelzehuelen.
 
Weider Informatiounen zum Projet eLo ginn et hei.
 
 

Opruff fir Projete vu Bierger·innen

Dir wëllt äre Quartier verbesseren? Dir hutt eng Iddi, fir är Ëmgéigend méi nohalteg ze gestalten? De Projet ACTE (Avec les Citoyen·ne·s pour la Transition Écologique) bitt iech d’Méiglechkeet, är Iddi a Realitéit ëmzesetzen.
 
Vum 14. Abrëll bis den 22. Juni 2025 kënnen Awunner·innen, Veräiner a lokal Kollektiver aus den 13 Gemenge vun der grenziwwerschreidender Regioun Alzette-Belval e Biergerprojet a Relatioun mat der ökologescher Transitioun areechen. Ob Begréngung, Kreeslafwirtschaft, douce Mobilitéit oder Energie – all Iddi ass wëllkomm, esoulaang se drop ausgeriicht ass, eist Liewensëmfeld op nohalteg a kollektiv Aart a Weis ze verbesseren.
 
Fir iech méi Informatiounen ze liwweren an iech d’Méiglechkeet ze ginn, är Froen ze stellen, gëtt een informellen Afterwork organiséiert. Kommt bis laanscht, tauscht iech aus a gitt méi gewuer.
 
Den Afterwork ass de 15. Abrëll ab 18.30 Auer an der MESA – Maison de la Transition zu Esch-Uelzecht. D’Aschreiwung ass gratis, mee obligatoresch.
 
 

 
 

Nei Editioun vu GoGo Velo

No engem éischten erfollegräichen Joer 2024 – mat der Missioun „Den Tour ëm d’Welt an 42 Deeg“, bei där d’Participant·innen zesumme bal véier Mol d’Äerd ëmronn hunn – kënnt déi national Campagne GoGo VELO dëst Joer mat enger nach méi grousser Ambitioun zeréck.
 
Fir 2025 ass déi nei Missioun „Ride me to the moon“. Déi kollektiv Erausfuerderung: déi 384.400 Kilometer z’erreechen – also d’Distanz, déi tëscht eis an dem Mound läit. D’Challenge geet vum 22.  Abrëll bis den 31. Mee 2025.
 
Lancéiert vu ProVelo asbl an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg, mat der Ënnerstëtzung vum Mobilitéitsministere, verfollegt d’Initiativ GoGo VELO weiderhin d’Zil, de Vëlo als ekologescht an zougänglecht Transportmëttel am Alldag ze fërderen.
 
All Participant·innen ginn encouragéiert, esou dacks et geet op de Vëlo ze klammen, sief et fir déi alldeeglech Deplacementer oder an der Fräizäit. Fir d’Motivatioun héich ze halen, ginn et och eng Partie Saachen ze gewannen:

  • 10 Bonge fir ee Gedrénks bei Intense Coffee
  • 10 Entréeë fir an de Blocx Urban Fitness
  • 1 Bong vun 200€ bei Den Atelier
  • 1 Bong vu 500€ bei den CFL
  • 5 Weekend-Passe fir de Koll an Aktioun
  • 5 Bonge vun 100€ fir bei Arnold Kontz Cycles
  • A villes méi.

Nach Froen? Schreift op info@gogovelo.lu

 
 

Kleedersammlung ab dem 22. Abrëll

Den 22. Abrëll ab 8.00 Auer fänkt d’Kleedersammlung vun der Aide aux Enfants Handicapés du Grand-Duché (AEHGD) bei eis an der Gemeng un. D’Kleeder kënnen an all Zort vun Tuten oder Kartongen agepak ginn. Am beschten ass et se de Moie selwer op den Trottoir ze stellen, fir ze verhënneren, dass eppes verschwënnt oder beschiedegt gëtt. D’Kleeder gi vu Camione vun der AEHGD oder vun de concernéierte Gemengeservicer agesammelt.

  • Éilereng a Suessem: en Dënschdeg, den 22. Abrëll
  • Zolwer: e Mëttwoch, den 23. Abrëll
  • Bieles a Belval: en Donneschdeg, de 24. Abrëll

Falls néideg kann d’AEHGD kontaktéiert ginn:

  • iwwer Telefon entweder um 621 666 554 oder 621 811 222,
  • via Mail.

Parc Backes nees op

De Parc Backes zu Suessem ass nees fir de Public op.
 
De Park war den 10. Januar wéinst engem Bam, deen op de Pavillon gefall war, gespaart ginn.
 
De Pavillon bleift awer bis op Weideres zou a gëtt och mat Clôturen ofgespaart.
 
 

GiveBox ass zeréck

D’GiveBox steet elo virum ale Postgebai nieft der Gemeng zu Bieles. Se ass vu méindes bis freides vun 8.30 Auer bis 16.00 Auer op, genee wéi de Bicherschaf direkt niewendrun.
 
Wéi funktionéiert d’GiveBox?
• All Persoun ka Saachen an d’GiveBox leeën a jiddweree·nt ka gratis Saachen eraushuelen, ouni mussen eppes amplaz ze leeën. Et däerf een esouvill bréngen an huelen, wéi ee selwer packt.
• D’Saache mussen anstänneg op eng fräi Plaz an d’Etagèrë geluecht ginn.
• D’Saache musse propper sinn a funktionéieren. Elektresch Apparater sinn net erlaabt. Et däerfen och keng Saachen niewent d’GiveBox geluecht ginn.
• Kleeder, déi intakt, gewäsch an opgefaalt sinn, däerfen an d’GiveBox geluecht ginn, och Accessoirë wéi Hitt, Kapen oder Rimmer an engem gudden Zoustand.
 
Follgend Saache sinn net erlaabt:
• Fleegeartikelen, déi ugefaangen oder ofgelaf sinn
• Iesswueren a Gedrénks.
• Déieren (Accessoirë fir Déiere sinn erlaabt).
• Medikamenter, Berouegungs- a Schlofmëttel. Médicaments et neuroleptiques.
• Geféierlech Stoffer (Saieren, gëfteg, brennbar, schaarf oder explosiv).
• Saache mat diskriminatoreschem Charakter (rassistesch, homophob).
• Pornografescht Material.
• Waffen (Schosswaffen, Messeren).
 
 






 
 

Loosst iech net beducksen!

D’Sensibiliséierungscampagne vun der Police „Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducksen!” huet d’Zil, déi eeler Populatioun – d’Haaptzilgrupp vu Kriminellen – iwwert d’Risike vun aktuellen Arnaquen opzeklären.
 
Déi Kriminell kontaktéieren hir Affer iwwer Telefon, iwwer E-Mail oder gi bei si schellen. Hiert Zil ass et u Suen, Wäertobjeten oder perséinlech Informatiounen ze kommen oder hir Affer zu engem Suentransfert ze iwwerrieden. Dobäi versiche si hir Affer ze desorientéieren oder ze manipuléieren a si duerch psychologeschen Drock ze isoléieren. Si gi sech dacks als Mataarbechter·inne vun enger offizieller Institutioun aus, dorënner vun der Police, vu Ministèren oder vun der Gemeng. An eenzelne Fäll soen se, se géifen zu Famill oder Frënn gehéieren.
 
Rotschléi vun der Police:
• Gitt nimools Informatiounen oder perséinlech Donnéeën u Friemer weider, och net, wann Dir iwwer E-Mail, SMS oder aner Noriichtendéngschter gefrot gouft.
• Klickt nimools op ee Link, deen Iech vun enger onbekannter Source geschéckt ginn ass.
• Sieft mësstrauesch bei Noriichten oder Uriff, déi eng séier Reaktioun vun Ärer Säit erfuerderen.
• Loosst Iech nimools zu enger Bezuelung oder engem Transfert vun Ären Donnéeën drängen an huelt Iech ëmmer Zäit, esou Fuerderungen ze hannerfroen.
• Préift ëmmer, ob d’Noriicht perséinlech un Iech geriicht gouf, oder ob Iech e Feeler oder eng falsch Iwwersetzung opfält.
• Sieft Iech bewosst, dass seriö Organisatiounen a Betriber Iech nimools opfuerderen, perséinlech Donnéeën iwwer E-Mail ze schécken.
 
D’Police huet eng Partie Videoen am Kader vun der Campagne publizéiert:
Bedruch mat falscher Identitéit
Phishing
Schockuriff
 
 

Gratis Pak mat Päiperlek-Stauden

Am Kader vun der Aktioun Päiperlek huet SICONA 6 Stauden aus biologeschem Ubau erausgesicht, déi ee besonnesche Wäert als Nektarplanze fir Päiperleken an aner Insekten hunn. Wien esou Staude wëll, ka sech ee gratis Pak vum 1. Abrëll 2025 u op sicona.lu reservéieren. Dat Ganzt leeft nom Prinzip „first come – first served“ of. D’Päk kënnen Ufank Mee op follgende Plazen ofgeholl ginn:
 
6. Mee 2025 tëscht 17.00 an 19.00 Auer:
Schëffleng, Parkplaz Hall Polyvalent, 1A, Chemin de Bergem
Biissen, Parkplaz Hal Frounert, 10, Rue de la Laiterie
Olm, Festsall, 10, Rue de Capellen
 
7. & 8. Mee 2025 tëscht 8.00 an 12.00 Auer an 13.00 a 16.30 Auer:
Büro vu SICONA zu Olm
 
Méi Informatiounen hei: Päiperlek 2025
 
 

Nei Plattform fir Energie-Donnéeën

Leneda, entwéckelt vu Creos Luxembourg, ass déi nei national Plattform fir d’Gestioun vun Energie-Donnéeën am Grand-Duché. Si zentraliséiert all relevant Informatiounen a garantéiert de Konsument·innen an den Acteur·ricen um Marché e vereinfachten, sécheren a transparenten Zougang zu hiren Energie-Donnéeën.
 
Leneda ass op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch verfügbar a erlaabt de Benotzer·innen, souwuel hiren Energieverbrauch wéi hir -produktioun an Echtzäit ze suivéieren, Käschten ze vergläichen an Donnéeën transparent ze verwalten. Den intuitiven Interface bitt detailléiert Visualiséierunge souwéi Informatiounen iwwer Kontrakter a Stroumliwweranten.
 
D’Sécherheet vun den Donnéeën huet héchste Prioritéit: Den Accès op Leneda erfuerdert eng verstäerkten Authentifikatioun iwwer LuxTrust oder IDNow, fir d’Vertraulechkeet vun den Donnéeën ze garantéieren. Mir encouragéieren all d’Awunner·innen, e Konto op Leneda ze erstellen, fir hiren Energieverbrauch besser ze verstoen an ze steieren – e wichtege Schrëtt fir eng méi effizient Notzung vun Energie an der energeetescher Transitioun vum Land.
 
Méi Informatioune ginn et hei.
 
Leneda: PDF op Däitsch, Franséisch an Englesch
 
 

ACTE: lokaalt Handelen zielt!

ACTE (Alzette, Belval avec les Citoyen·ne·s pour la Transition Ecologique) ass eng Initiativ, déi fir eng Period vun 3 Joer vum europäesche Programm Interreg finanzéiert gëtt. D’Zil vum Projet ass et, d’Bierger·inne vun de verschidde Partnergemengen ze ënnerstëtzen, fir dass si hiren Impakt a Saachen CO2 limitéieren a sech op lokalem Niveau fir nohalteg Sujeten an hirer Communautéit asetzen.
 
Konkret sollen d’Awunner·innen encouragéiert, sensibiliséiert a begleet ginn, fir déi ënnerschiddlech Problematiken an hirem Alldag unzegoen. Vun dësen Echangë kënne pertinent Léisungsusätz entstoen, déi an de Partnergemengen implementéiert an dauerhaft ëmgesat solle ginn. De Projet verfollegt d’Objektiv, de franséisch-lëtzebuergesche Ballungsraum Alzette Belval méi nohalteg ze gestalten.
 
De Projet ass den 1. Abrëll 2024 a soll bis den 31. Mäerz 2027 lafen.
 
Dir wëllt beim Projet matmaachen? Maacht hei bei der Ëmfro mat.
 
Dir wëllt weider Informatiounen? Déi kritt dir hei.
 
 


 
 

Auslafe vu Primme fir Vëloen an Haushaltsapparater

Am Gemengerot vum 17. Januar 2025 gouf decidéiert, dass d’Primme fir Vëlo, Pedelec25 an energieeffizient Haushaltsapparater dëst Joer auslafen. Mat energieeffizienten Apparater sinn ënner anerem Frigo, Wäschmaschinn, Trockner a Spullmaschinn gemengt.
 
Aktuell kënnen d’Subsiden nach ugefrot ginn. Et ginn ausschliisslech déi Demandë respektiv Facturë consideréiert, déi en Datum virum 1. Mäerz 2025 drop stoen hunn. Wat dir alles vun Dokumenter musst dobäi leeën, steet bei der jeeweileger Demande dobäi.
 
Hei geet et bei de Formulaire fir d’Demande fir e Vëlo oder Pedelec25: Formulaire demande vélo ou pedelec25
 
Hei geet et bei de Formulaire fir d’Demande fir energieeffizient Haushaltsapparater: Formulaire demande A+++
 
 

Vu Mäerz bis Abrëll ass d’Zäit unzeséien

Wien eng schéi Blummewiss wëll, fir deen heescht et elo ufänken, ze séien. Dir hutt dann net just flott Wëllplanzen an ärem Gaart, mee ënnerstëtzt och d’Bestëbser an d’Biodiversitéit. Nach besser ass et op eng lokal Somproduktioun zeréckzegräifen.
 
Firwat op regional Some setzen?
 
D’Mëschunge bestinn ausschliisslech aus wëllen, lokale Planzen an droen dozou bäi, dass d’Insekten hire Liewensraum behalen an d’Flora vum Land geschützt gëtt.
 
Eng nohalteg Produktioun aus Lëtzebuerg
 
Den Naturschutzsyndikat SICONA an den Naturmusée schaffe mat der Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Genossenschaft zesummen, fir regionale Som an Zesummenaarbecht mat Rieger-Hofmann ze gewannen.
 
D’LUX-Mëschungen: e richtege Choix
 
Dëse Mix besteet aus natierlechen a lëtzebuergeschen Aarten an eegent sech ideal fir eng wëll Blummewiss am eegene Gaart unzeleeën. Vu Mäerz bis Abrëll ass déi ideal Zäit, fir deng bléiend Wiss unzeleeën. Dozou gehéiert de Buedem virbereeden (Onkraut rappen), de Som mat der Hand verdeelen, dës liicht andrécken an oppassen, net ze vill ze wässeren. Weider Informatioune ginn et hei.
 
 

Hoplr Stories

Sidd dir Fan vun Hoplr? Mir sinn op der Sich no Awunner·innen, déi iwwert hir Erfarunge mam Reseau wëlle schwätzen.
 
Hutt dir nei Leit kennegeléiert, enger anerer Persoun gehollef oder konnt äre gebrauchte Saachen iwwert Hoplr eng zweet Chance ginn? Wann dir eng flott Geschicht ze erzielen hutt, géif et eis freeën, dës ze héieren.
 
Maacht bei eisem Videoprojet mat an inspiréiert aner Leit aus eiser Gemeng, Deel vun Hoplr ze ginn. Interesséiert? Mellt iech iwwer service.rpc@suessem.lu
 
Zënter leschtem Hierscht ass d’Gemeng Suessem op Hoplr ze fannen, engem soziale Reseau, deen iech a Kontakt mat der Noperschaft an ärem Quartier an Uertschaft bréngt. All Awunner·in vun de 4 Uertschafte Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer ka sech aschreiwen. Méi Informatioune ginn et hei.
 
 

Kannerae liichten offline méi hell

D’Kanner vun haut si mat an an der Digitalisatioun grouss ginn. Egal ob Smartphone, Tablett oder Laptop, si ginn dagdeeglech domat konfrontéiert. Trotz de villen Virdeeler vun dësen Technologien, ass et wichteg, en Equiliber ze fanne fir eng gesond Entwécklung vun den nächste Generatiounen ze garantéieren.

Aktivitéiten ausserhalb vum Internet

Aktivitéiten, déi näischt mat der Online-Welt ze dinn hunn, si wesentlech fir de Kanner hir physesch a mental Gesondheet. Dobausse spillen, Bicher liesen oder hir Kreativitéit iwwer divers Hobbyen ausliewen hëllefen, hir Imaginatioun ze fërderen, déi sozial Kompetenzen ze entwéckelen an hiert d’Wuelbefannen ze stäerken.

D’Roll vun den Elteren

D’Elteren huelen an deem Sënn eng wichteg Plaz an. Si sinn nämlech mat responsabel fir de Mediekonsum vun hire Kanner a sollen hëllefen, en Equiliber ze fannen. Dat kann duerch d’Limitéiere vun der Bildschiermzäit oder duerch Aktivitéiten, déi zesummen als Famill ënnerholl ginn, stattfannen. Organisatioune wéi d’Fondatioun Kannerschlass bitt thematesch Fräizäitaktivitéiten un, fir den Eltere bei der Erzéiung vun de Kanner ausserhalb der digitaler Welt Denkustéiss ze ginn.

Eng intelligent Notzung vu Medien a Kombinatioun mat der Ënnerstëtzung vun Offline-Aktivitéiten ass entscheedend fir e gesonde Wuesstem. D’Eltere kënnen hire Kanner erméiglechen, déi positiv Aspekter vum Internet ze genéissen an och beräicherend Erfarunge bei Offline-Aktivitéiten ze sammelen.

Detox-Kalenner

Den Detox-Kalenner weist Elteren a Kanner vun 0 bis 5 Joer, wat een alles maache kann, aplaz um Handy ze hänken. Dir kënnt de Detox-Kalenner a weider nëtzlech Informatiounen um Site vum CNAPA fannen.

Eng Campagne vum CNAPA mat der Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale De Secours Grande-Duchesse Charlotte, der Initiative Liewensufank Asbl an der Eltereschoul Janusz Korczak.


Opgepasst beim Kolportage

Zënter 2014 ass d’Hauséiere respektiv de Kolportage zu Lëtzebuerg nees erlaabt. Beim Verkaf vun Dier zu Dier kann een awer och op déi falsch Leit falen. Fir d’Awunner·innen opzeklären, huet d’Direktioun fir Konsumenteschutz (DPC) eng Partie Rotschléi an Taktiken ausgeschafft.

  • De Sticker „Colportage – NEE  NON NEIN – Merci !“ op der Dier oder Schell signaliséiert, dass een net wëll dovu gestéiert ginn.
  • Et soll een oppassen, nëmme seriö Entreprisen ze engagéieren. D‘Betriber kënnen am Handelsregister nogesicht ginn, well nëmmen déijéineg mat enger valabeler Autorisatioun do registréiert sinn. Dir kënnt och no enger valabeler Handelsermächtegung froen.
  • Fall néideg soll een och eng Kopie vun der professioneller Haftflicht froen.
  • Informatiounen iwwert d’Recht, fir vum Kontrakt wärend 14 Deeg ofzetrieden (droit de rétractation) froen.
  • Dir kënnt een detailléierten Devis ufroen, wou ë. a. de Präis an de Liwwerdatum drastinn.

Bei Froen oder Problemer kënnt dir iech un d’Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC) oder de Centre Européen desConsommateurs Luxembourg (CEC) wenden.
 
Méi Detailer ginn et op der Websäit vun der Regierung.
 
 

Primmen am Kader vum Autofestival

Fir den Optakt vum Autofestival, deen dëst Joer vun e Samschdeg, de 25. Januar bis e Méindeg, den 3. Februar organiséiert gëtt, erënnert d’Klima-Agence un de Klimabonus. Heibäi handelt et sech ëm verschidde Primmen, déi jee no Konditioune variéiere kënnen:

  • bis zu 6.000 Euro fir een Elektroauto (≤ 16 kWh / 100 km oder ≥ 7 Sëtzer) oder fir eng Elektro-Camionnette;
  • bis zu 3.000 Euro fir een Elektroauto mat engem Verbrauch vu bis zu 18 kWh / 100 km oder bis zu 20 kWh / 100 km an enger maximaler Leeschtung vun 150 kW;
  • 1.500 Euro fir de Kaf vun engem gebrauchten Elektroauto, deen op d’mannst 3 Joer al ass;
  • bis zu 1.000 Euro fir Elektro-Quads, -Motorrieder oder -Mopeds.

Weider Informatioune gëtt et op aides.klima-agence.lu. D’Beroder·inne vun der Klima-Agence kënnen och direkt kontaktéiert ginn ënnert der Telefonsnummer 8002 11 90.
 
 

Solar Challenge – mir sinn dobäi!

D’Gemeng Suessem hëlt un der 2. Editioun vun der Solar Challenge am Kader vum Klimapakt deel. Zesumme mat 87 anere Gemenge wëlle mir e staarkt Zeeche fir de Klimaschutz an d’Energiewend setzen. D’Zil ass ambitiéis: méiglechst vill Solarstroum hierzestellen an doduerch d’CO₂-Emissiounen ze reduzéieren.
 
Éier mir bei d’Wéi kommen, erkläre mir als éischt de Firwat:
 
Mat der Participatioun un der Solar Challenge soll d’Bewosstsi fir erneierbar Energië verstäerkt ginn, fir dass eis ganz Gemeng méi ëmweltfrëndlech gëtt. Mir wëllen eis Bierger·innen a Betriber mat Sëtz an eiser Gemeng motivéieren, fir nohalteg ze agéieren a méi ëmweltbewosst Moossnamen am Alldag ëmzesetzen.
 
Dofir brauche mir d’Leit aus der Gemeng Suessem: Informéiert iech iwwer Fërderméiglechkeeten an ob eng Solaranlag bei iech um Daach méiglech ass. Dozou ginn et hei déi wichtegst Informatiounen.
 
Deelt ären Engagement mat aneren. Entweder motivéiert dir si oder kënnt iech mat äre Matmënschen austauschen.
 
Loosst eis zesumme weisen, wat mir als Communautéit erreeche kënnen. D’Solar Challenge ass méi wéi ee Concours. Et soll och als Chance gesi ginn, Verantwortung ze iwwerhuelen an d’Zukunft aktiv matzegestalten. All installéierte Solarpanel zielt an all agespuerten Tonn CO₂ bréngt eis méi no un d’Zil.
 
Weider Informatioune ginn et um Site vun der Klima-Agence. Op hirem Site ginn d’Donnéeë vun all Gemeng opgelëscht.
 
 

 

 

 
 

Ëmweltkalenner 2025

Wéi all Joer hu mir a Collaboratioun mat talentéierten Illustrator·innen aus Lëtzebuerg den Ëmweltkalenner fir d’Gemeng Suessem erausbruecht.
 
Déi lescht Editioune stounge ganz am Zeeche vu kulinareschen Experimenter. Fir 2025 hu mir eis eppes Neies iwwerluecht: Mir wëllen de Fokus op Nohaltegkeet an ëmweltbewosst Moossname setzen. Aus deem Grond dréit de Kalenner den Titel: Think Green, Live Clean.
 
Den Numm ass Programm: All Mount befaasst sechmat engem spezielle Sujet, dorënner Second-Hand, Recycling, Urban Gardering, nohaltegt Hëtzen an Alternativen zu Streesalz. Jee no Mount a Sujet hu sech déi eenzel Illustrator·innen hir Gedanke gemaach an hunn hir Iddien zu Pabeier bruecht:

  • Januar: Lascar
  • Februar: Joana Majerus
  • Mäerz: Daphne Fu
  • Abrëll: Lionel Demarville
  • Mee: Oh Mamie!
  • Juni: Dirk Kesseler
  • Juli: Jessica Frascht
  • August: Lucile Matter
  • September: Gianmarco
  • Oktober: Mik Muhlen
  • November: Lisa Goebel
  • Dezember: Margaux Soulacroup

Hei kënnt dir iech de Kalenner eroflueden: Ëmweltkalenner 2025
 
Hei kënnt dir online duerch de Kalenner bliederen: Ëmweltkalenner 2025
 
 







 
 

Kanneraktivitéite vu SICONA

Den Naturschutzsyndikat SICONA bitt an der Gemeng Suessem Aktivitéite fir Kanner fir d’Cyclen 2–4 un. De Programm geet vu Januar bis September 2025 an ass mat ganz ënnerschiddlechen Aktivitéite gefëllt, dorënner:

  • „Mir kachen an der Natur“ – 16.01.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer
  • „Wien ass nuets waakreg?“ – 21.02.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer
  • „Wien zwitschert do?“ – 18.03.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer
  • „Onkraut gëtt et net“ – 16.04.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer
  • „Konscht an der Natur“ – 26.06.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer
  • „Entdeck d’Insektewelt!“ – 07.08.2025 | 10.00 bis 15.00 Auer
  • „Landschaftsarchitekt“ – 11.09.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer

D’Umeldung ass obligatoresch a kann online gemaach ginn: SICONA kids
 
Froe kënnen u follgend E-Mail-Adress geschéckt ginn: pedadogique@sicona.lu
 
 

Direkt informéiert mat LU Alert

LU Alert ass een neien Tool, dee garantéiere soll, dass d’Awunner·inne sech op gewësse Situatioune virbereeden, effektiv reagéieren an all néideg Moossnamen huele kënnen, fir sech selwer, hir Matmënschen an och Gidder ze schützen.
 
Den Alarmsystem gouf entwéckelt, fir offiziell Messagen iwwer eng national Plattform ze zentraliséieren an ze harmoniséieren, sou datt zu all Moment déi wichtegst Informatioune verfügbar sinn. LU Alert erlaabt et den zoustännegen ëffentlechen Autoritéiten, Alarmer iwwer verschidde Kanäl séier an zilorientéiert ze verbreeden.
 
D’Missioun vun dësem Tool limitéiert sech net nëmmen op Noutsituatiounen. Den Alarmsystem versteet sech och als proaktiivt Instrument, dat op Präventioun a Stäerkung vun der kollektiver Resilienz ausgeriicht ass, besonnesch duerch meteorologesch oder hydrologesch Virwarnungen.
 
Nieft dem Internetsite kënne Meldungen iwwer SMS geschéckt ginn. LU Alert ass och als App fir iOS- an Android-Geräter disponibel. Méi Informatioune ginn et hei.
 

Méi Abréch wärend de Wanterméint

D’Police warnt virun enger Hausse vun Abréch wärend den Owesstonnen an de leschte Wochen. Si geet dovunner aus, dass et sech ëm méi Täter·innen handelt, déi och weiderhin abrieche wäerten. An deem Kader soll all Mënsch, deem verdächteg Persounen oder Gefierer opfalen, dat der Police ënnert der Nummer 113 mellen.
 
Wie seng eege véier Wänn virun Abréch wëll schützen, dee kann op eng Partie Saachen oppassen:

  • Dieren a Fënsteren, besonnesch och déi um Niveau vun der Garage a beim Keller, sollen zougespaart sinn
  • Och wann dir nëmme kuerz fort sidd, sollt d’Alarmanlag aktivéiert ginn
  • Owes am beschten d’Luuchten am Haus umaachen

Weider Informatiounen iwwert d’Abrochpreventioun fannt dir ënnert police.lu/prevention.
 
Am selwechte Kontext ass et de Rappell, keng Wäertsaachen am Auto leien ze loossen, well aktuell vill an Autoen agebrach géif ginn.
 
 

Mikroaggressiounen am (Schaff)Alldag

Hutt dir och emol ee getrëppelt an dir waart iech net bewosst, wat dir gesot oder gemaach hutt? Et huet ee séier eppes gesot oder iwwer eng nonverbal Aart a Weis matgedeelt, wat eise Géigeniwwer schlecht ophuele kann.
 
Fir hei e bessert Versteesdemech fir déi aner Persoun ze kréien an och iwwert seng eegen Handlungen nozedenken, huet eise Service à l’Égalité des chances et Diversité am Kader vun der Orange Week eng Formatioun fir d’Gemengepersonal an eng Konferenz fir d’Awunner·innen iwwert Mikroaggressiounen am (Schaff)Alldag organiséiert.
 
A béide Formater huet de Patrick Azevedo eis erkläert, wat mir genee ënnert Mikroaggressiounen ze verstoen hunn. Hei handelt et sech ëm Aktiounen, Gesten, Kommentarer oder Attituden, déi eng Form vun Diskriminatioun beinhalten a gewollt oder ongewollt sech géint eng Persoun oder e spezifesche Grupp wenden.
 
„Jo, mee elo kann ee jo geschwënn näischt méi soen?!“
 
Et kann een natierlech nach mat de Leit schwätzen. Et geschéien och nach ëmmer kleng Faux-pasen. Wichteg ass et, dass ee sech och an deem anere seng Situatioun versetze kann, wann een engem onabsichtlech op d’Féiss getrëppelt ass. Wou vill Mënschen zesumme kommen, mënschelt et. D’Formatioun an d’Konferenz haten als Zil, den Impakt vun de Mikroaggressiounen ze verstoen.
 
Dëst dréit zu engem besseren Aarbechtsklima a besseren tëschemënschleche Relatioune bäi.
 
D’Orange Week fënnt all Joer vum 25. November bis den 10. Dezember statt a sensibiliséiert op Gewalt géint Fraen a Meedercher.
 
 


 
 

Kakao-Produzente wärend de Feierdeeg ënnerstëtzen

Och d‘Chrëschtzäit um Enn vum Joer ass eng gutt Geleeënheet fir verantwortungsvoll ze konsuméieren. Wann dir iech fir Schockela mat zertifizéiertem Fairtrade-Logo entscheet, ënnerstëtzt dir d’Kakao-Produzenten aus Afrika, Asien, Latäinamerika an aus der Karibik a garantéiert hinne fair Präisser a gerecht Aarbechtskonditiounen.
 
D’Kakao-Industrie huet mat enger ganzer Rei un Erausfuerderungen ze kämpfen, dorënner Kanneraarbecht, Genderdiskriminéierung, Deforestatioun a Klimawandel. Wärend dëser festlecher Zäit vum Joer geet een einfache Geste duer, fir en Ënnerscheed ze maachen an de vulnerabele Communautéiten ze hëllefen.
 
Schenkt Schockela, dee jidderengem eng Freed mécht, souwuel de Leit, déi beschenkt gi wéi och de Produzenten. Als Fairtrade-Partner engagéiere mir eis zesumme fir ee fairen Handel.
 
Méi Informatioune ginn et hei.
 
 

 
 

Opgepasst op de Wëldwiessel

Besonnesch an den nächste Méint ass de Wëldwiessel nees en Theema. An deem Kontext gëtt d’Police Tipps eraus, wéi dir reagéiere sollt, wann dir an esou eng Situatioun kommt.

Méi lues fueren

D’Schëlder, déi viru Wëldwiessel oder Klappjuegte warnen, solle seriö geholl ginn. Op den entspriechende Ofschnëtter soll d’Vitess ugepasst ginn.

Béid Stroossesäiten am Bléck behalen

Wëld ka souwuel vu lénks wéi vu riets op d’Strooss gelaf kommen. Besonnesch soll op Strécken, déi duerch de Bësch féieren, opgepasst ginn.

Ëmmer mat méi Déiere rechnen

Wëllschwäin a Réi si Ruddeldéieren. Autofuerer·innen sollen ëmmer domat rechnen, dass hannert engem Déier der méi nokomme kënnen. Bremsen, tuten, Scheinwerfer ausloossen. Wann iech Wëld virun den Auto leeft, hëlleft nëmmen nach bremsen an tuten. Tute kann d’Wëld vun der Fuerbunn dreiwen. Scheinwerfer oder déi grouss Luuchte kënnen net nëmmen den entgéint kommende Verkéier blenden, mee och d’Déier, wat op der Sich no engem Fluchtwee ass.

Wann eng Kollisioun net ze evitéieren ass

Ass et net méi ze evitéieren, dass dir d’Déier ze pake kritt, sollt dir sou staark wéi méiglech ofbremsen a versichen, riicht aus ze fueren. Abrupt no lénks oder riets ze lenken oder hektesch Auswäichmanöver kënnen den Auto zum Schleidere bréngen an esou eng Kollisioun mam Géigeverkéier oder engem Bam provozéieren. All dat ka méi schlëmm Follgen hu wéi een Zesummestouss mam Déier.

No enger Kollisioun

Falls néideg soll eng Ambulanz iwwert den 112 geruff ginn. Dir sollt oppassen, iech net selwer a Gefor ze bréngen an är Warnwest undoen, fir d’Plaz ofzesécheren an déi aner Leit dorop opmierksam ze maachen. Dofir ass et och wichteg, d’Warnblinker unzemaachen an d’Warndräieck opzestellen. D’Police soll an deem Fall och um 113 kontaktéiert ginn. An deem Sënn réit d’Police dovunner of, d’Déier, wat ugestouss gouf, unzepaken oder mam Auto matzehuelen. Ugestoussent Wëld selwer ofzetransportéieren ass nëmmen erlaabt, wann d’Autoritéiten d’Autorisatioun ginn hunn. Gëtt et awer gemaach, zielt dat als Verstouss géint d’Juegdgesetz.
 
Weider Informatioune ginn et hei: Rotschléi bei Wëldwiessel
 
 

Méi Natur an eise Schoulhäff

Nodeems d’Gemeng Suessem schonn 2023 den éischte Präis am Kader vu Méi Natur an eise Stied an Dierfer iwwerreecht krut (méi dozou gëtt et hei), si mir och dëst Joer ënnert de Gewënner·innen, dës Kéier fir de Projet Méi Natur an eise Schoulhäff. Den 18. September goufe 7 Gemengen a Presenz vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit Serge Wilmes ausgezeechent.
 
Zil vun der Projetsausschreiwung war, d’Gemengen an hire Beméiungen ze encouragéieren, sech un d’Konsequenze vum Klimawandel unzepassen a méi grénge Raum fir jiddereen, ma an dësem Fall besonnesch fir di Klengst ze schafen. D’Iddi war et, versigelt Iwwerflächen an de Schoulhäff ze entmineraliséieren a sou méi Plaz fir gréng Infrastrukturen ze erméiglechen.
 
„Beem a gréng Infrastrukture sinn eng Plus-value fir d’Biodiversitéit an déi beschte Moossnam fir am urbane Raum géint Hëtztwelle virzegoen“, sou de Minister Wilmes wärend der Iwwerreechung.
 
Fir d’Gemeng Suessem hat d’Suessemer Schoul e Projet eragereecht, fir de Kanner eng besser Liewensqualitéit ze garantéieren.
 
Weider Detailer ginn et hei um Site vum Ëmweltministère.
 
 







 
Photo : STUDION PHOTOGRAPHY
 
 

20. informell Entrevue vun den däitschsproochege Staatschef·innen

Op Invitatioun vun den LL.AA.RR Grand-Duc an der Grande-Duchesse, hu sech déi däitschsproocheg Staatschef·innen dësen Dënschdeg, de 17. September 2024 getraff. D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet och un der 20. informeller Entrevue vun den däitschsproochege Staatschef·innen an der Maison des Sciences Humaines vun der Uni Lëtzebuerg um Belval deelgeholl. De Sujet vum Dag huet sech mat Fake News an de Geforen a Risike fir eis Gesellschaft befaasst. D’Table Ronde, déi am Media Center ofgehale ginn ass, gouf duerch eng Ronn vun Expert·innen am Domaine komplettéiert.
 
„D’Fake News stellt eng grouss Erausfuerderung fir eis Gesellschaft duer: Et steet net manner wéi d’Vertrauen an déi demokratesch Institutiounen an d’Wëssenschaft um Spill“, huet den S.A.R. Grand-Duc betount.
 
Virum Enn vun der Entrevue goung et fir d‘éischt eriwwer an d’Unisbibliothéik, déi op den Iwwerreschter vum fréieren Industriegebai Möllerei gebaut ginn ass. Duerno stoung nach een Tour vum Campus um Programm éier d’Ofschlossiessen an der Halle des poches à fonte zerwéiert ginn ass.
 
 

 
Fotoen: Maison du Grand-Duc | Kary Barthelmey
 
 

Lancement vun Hoplr

Zënter Hierscht 2024 ass d’Gemeng Suessem op Hoplr ze fannen, engem neie soziale Reseau, deen iech a Kontakt mat der Noperschaft an ärem Quartier an Uertschaft bréngt. All Awunner·in vun de 4 Uertschafte Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer ka sech aschreiwen.
 
Bei Hoplr handelt et sech ëm eng privat Internetsäit, déi just fir d’Leit aus eisen Uertschaften accessibel ass. Hoplr gëtt et och als App fir den Handy, entweder am App Store fir iPhone oder am Play Store fir Android.
 
Weider Informatiounen an Aschreiwung bei Hoplr (de Link klicken).
 
Woufir kënnt dir de Reseau benotzen?

  • fir är Noperschaft besser kennen ze léieren;
  • fir iech ëm si ze këmmeren an iech géigesäiteg Ënnerstëtzung unzebidden;
  • fir Saache wéi zum Beispill eng Leeder oder eng Buermaschinn ënnerteneen ze léinen;
  • fir en·g zouverlässeg·en Installateur·rice oder Babysitter an der Noperschaft ze fannen;
  • fir iwwer d`Verkéiersproblematik oder d‘Schantercher ze diskutéieren;
  • fir zum Beispill e Vide-grenier oder en Nopeschfest unzekënnegen an ze organiséieren.

Mir freeën eis iech deemnächst op Hoplr begréissen ze kënnen.
 
Bei eventuelle Froe kënnt dir iech beim Service des Relations publiques et de la Culture ënnert service.rpc@suessem.lu mellen.
 
 

 
 

De séchere Schoulwee

Mam Enn vun der Schueberfouer steet d’Schoulrentrée virun der Dier. Et wäerten nees méi Autoen op eise Stroossen a méi Kanner laanscht d’Stroossen ënnerwee sinn, dofir soll besonnesch an den éischte Woche besonnesch opgepasst ginn. Vill Kanner kennen d’Geforen am Stroosseverkéier net, fir verschiddener ass et souguer déi éischt Rentrée an d’Opreegung ass grouss – och wa si d’Reegele geléiert hunn, kënne si se dee Moment vergiessen. Wéint hirer Gréisst si se manner gutt siichtbar fir Autofuererinnen. Dofir ass et un eis all, opzepassen. Virun allem bei Schoule soll d’Vitess ugepasst ginn.
 
Eltere solle mam gudde Beispill virgoen an de Kanner d’Verkéiersreegelen am Virfeld erklären. D’Kanner sollen awer net nëmmen op d’Geforen opmierksam gemaach ginn, mee zesumme mat den Elteren den zukünftege Wee bis an d’Schoul e puer Mol ofgoen.
 
Weider Informatioune vun der Police ginn et hei: PDF: Rentrée & de séchere Schoulwee
 
 

Aktivitéiten am Kader vum Ëmweltjoer

Aus den Ëmweltwoche gouf 2024 een Ëmweltjoer, fir de Fokus verstäerkt op nohalteg Mobilitéit ze setzen. Besonnesch sollen d’Fortbeweegungsmëttel Bus, Zuch, Vëlo oder och zu Fouss an de Vierdergrond réckelen. Den Ëmweltbüro vun der Gemeng Suessem huet fir 2024 insgesamt 8 Aktivitéiten op d’Bee gestallt, déi sech mat deem Volet befaassen, dorënner:
 

Kordall Mobilitéitsdag

De 16. September ass de Startschoss vun der Sensibiliséierungswoch vun der Mobilitéit. An där Woch dréint sech alles ëm nohalteg Mobilitéit, sou och den 21. September mam Kordall Mobilitéitsdag op der Place de l’Indépendance zu Zolwer vun 10.00 bis 17.00 Auer.

Um Programm stinn:

  • ee Vëlosoccasiounsmaart (dir kënnt ären eegene Vëlo dobäistelle mat Präis an Telefonsnummer, dir musst iech awer selwer ëm de Verkaf këmmeren);
  • eng Biergcourse mam Vëlo de ganzen Dag;
  • Tester mat Cargobikes (dorënner Winther E-Cargoo, Bullitt Milk Plus E6000 Riese & Müller Multitinker mat Family Equipement);
  • ee Vëlosgeschécklechkeet-Parcours.

Iessen a Gedrénks gëtt et vun Eis Epicerie. Kommt zu Fouss, iwwer d‘Vëlosweeër am Kordall oder mat den TICE-Linnen 2, 3 a 15. D’Rue Prince Jean ass deen Dag gespaart, Detailer dozou ginn et hei.
 

Theemenowend Elektromobilitéit

Den 18. November ab 19.00 Auer dréint sech am Festsall vun der Gemeng alles ronderëm d’Elektromobilitéit. Zesumme mat dräi Gäscht aus der Branche gëtt mat Mythen a Märercher opgeraumt an dir kënnt är Froen un d’Experte riichten.
 

Musek am Bus

De 05. August goufen eis Buslinnen 2 an 3 fir een Nomëtteg an eng gemittlech Concertslocation ëmgewandelt. D’Zolwer Musek huet iech op der Linn 2 ënnerhalen an d’Blue-Ish op der Linn 3.
 

Workshop Trëppeltier

Zesumme mat de Minettstrëppler goung et Enn August zu Fouss duerch eis 4 Uertschaften. Zil vum Workshop war et d‘Weeër esou accessibel wéi méiglech ze gestalten, dofir konnten all Interesséiert sech umelle fir matzegoen an hiren Input do ze loossen.
 

Pimp my Bushaischen

Op 15 Linne fueren d’Busser vum ëffentleche Verkéier duerch eis Gemeng. D’Bushaisercher vun der Gemeng Suessem kréie beim Projet Pimp my Bushaischen eng nei Tapéit. Detailer an Umeldung ginn et hei.
 
 

 
 

Aarbechten ënnert de Gleiser zu Bieles

D’Baufirma Sopinor schafft wärend dem Hierscht ënnert den Eisebunnsschinnen, fir d’Bueraarbechten um Reseau an der Rue de la Gare zu Bieles ofzeschléissen.
 
Start vun den Aarbechten: 2. September 2024
Dauer vun den Aarbechten: +/- 3 Méint

 
De P&R vun der Gare Bieles-Zolwer ass wärend der gesamter Dauer vun den Aarbechten net accessibel. Tëscht dem 25. an 31. Oktober 2024 gëtt an der Nuecht geschafft. Dozou wäert nach zu engem spéideren Zäitpunkt kommunizéiert ginn.
 
Den Accès op de Quai fir den Zuch ze huele bleift wärend den Aarbechte garantéiert.
 
Zousätzlech Informatioune gëtt et beim Service Technique vun der Gemeng Suessem um Telefon 593075 – 477 oder via E-Mail op secretariat.technique@suessem.lu.
 
 

GoGo VELO: An 42 Deeg ronderëm d’Welt

Déi éischt Editioun vu GoGo Velo start den 20. September mat der Missioun „An 42 Deeg ronderëm d’Welt“. Zil ass et all zesummen esou vill Äerdëmkreesungen (40.075 km) wéi méiglech bannent 6 Wochen um Vëlo ze maachen. D’Aktioun vu ProVelo asbl a Klima-Bündnis Lëtzebuerg mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte soll d’Leit dozou motivéieren, de Vëlo als deeglecht Verkéiersmëttel ze gesinn a Loscht ze kréien, den Drotiesel méi an den Alldag anzebauen.
 
Verschidden Challengë wärend der Campagne hëllefen iech, um Ball ze bleiwen, well wann dir dës erfollegräich meeschtert, kënnt dir iech fir d’Verlousung vu flotte Präiser qualifizéieren.
 
Fir deelzehuele muss d’App Radbonus um Smartphone erofgeluede ginn. Ab September wäert an der App d’Campagne disponibel sinn, wou sech Interesséierter dann aschreiwe kënnen. An der Praxis gesäit et sou aus: Wärend der Faart start dir d’App mam Tracking-Button an esou ginn är gefuere Kilometer automatesch bäigesat.
 
Zousätzlech ass et méiglech iwwert d’App Feedback zu der Vëlosinfrastruktur ze ginn. D’Aktioun geet bis den 31. Oktober 2024.
 
Weider Informatioune ginn et op gogovelo.lu.
 
PDF GoGo Velo
 
 

Echantillon mat Geseems fir äre Gaart

Wëllbeien, Päiperleken an aner Bestäuber hunn et am urbane Raum ëmmer méi schwéier. Hire Liewensraum leeft Gefor, ze kleng ze ginn. Blummen a Kraider, déi natierlech bei eis virkommen, si wichteg Fudderplanze fir eis heemesch Päiperleken an aner Insekten. Dofir brauche mir är Hëllef. Dir kënnt zum Beispill ee klengt Beet bei iech doheem usetzen.
 
Dir huet d’Méiglechkeet bei eis an der Gemeng en Echantillon mat Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Geseems fir 1m2 sichen ze komme (d’Quantitéit ass begrenzt) fir dëse Som an ärem Gaart elo unzeséien, soudass dir d’nächst Joer mat engem faarwege Gaart an d’Fréijoer starte kennt. Fir méi grouss Fläche vu 25–50m2 kënnen 100-Gramm-Tute vun den dräi Mëschunge LUX-Blumenwiese, LUX-Schotterrasen a LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen bei folgende Partner an ärer Ëmgéigend kaaft ginn:

• Angelduerf, Barenbrug Luxemburg
• Bartreng, a.c.i.e.r. Luxembourg
• Bartreng, co-labor
• Colmer-Bierg, De Verband V Shop
• Diddeleng, Fondation Kräizbierg
• Dippech, Mon Jardin
• Kockelscheier, Haus vun der Natur
• Léiweng, De Verband V Shop
• Ollem, Naturschutzsyndikat SICONA
• Réiden op der Atert, Op der Schock
• Réiden op der Atert, Waasserhaus
• Steesel, Bamschoul Becker
• Useldeng, Tourist Info Wëlle Westen

Weider Informatioune ginn et op wellplanzen.lu.
 
PDF Sicona op LU
 
 

Verkaf vun engem Schwader

De Syndicat Intercommunal pour la Conservation de la Nature du Centre (SICONA) verkeeft e Schwader vun der Mark Molon. Et handelt sech ëm eng quasi nei Maschinn (manner wéi 15 Stonnen am Gebrauch) vun 2,40 Meter aus dem Joer 2023.
 
Den Zouschlag kritt déi Persoun, déi am meeschte bitt bei engem Mindestpräis vun 9.000 Euro. All Offer soll op engem Blat Pabeier bis spéitstens den 20. September 2024 um 14.00 Auer u follgend Adress geschéckt ginn:  SICONA-Centre, 12, Rue de Capellen, L-8393 Olm. Op der Offer mussen Numm, Virnumm an d’Adress vun der jeeweileger Persoun stoen.
 
D’Offere ginn den 20. September 2024 um 14.00 Auer an enger ëffentlecher Sitzung zu Olm (12 Rue de Capellen) duerchgekuckt. Weider Informatioune kënnen iwwer Telefon ënnert der Nummer +352 621 382 512 nogefrot ginn.
 
PDF Vente Andaineur
 
 


 
 

Opgepasst op Trickdéifställ

Vun e Freideg den 23. August bis den 11. September ass d’Schueberfouer nees zeréck um Glacis an der Stad. Fir dass dir eng gutt Zäit op der Fouer hutt, huet d’Police en neie Flyer ausgeschafft fir op d’Trickdéifställ opmierksam ze maachen, déi besonnesch op Plazen, wou vill Leit zesumme kommen, méi heefeg virkomme kënnen.
 
Trick- an Täschendéif schaffe mat verschidden Oflenkungsmanöveren, fir un är Wäertsaachen ze kommen, dorënner:

  • Oflenken: Är Opmierksamkeet soll op eppes anescht gelenkt ginn. Sou erleet si äre Fokus ewech vun äre Wäertsaachen. Halt är Saachen ëmmer am Bléck an no un ärem Kierper.
  • Urempelen: Persounen, déi iech urempelen, kënnen dëse Moment notzen an iech onopfälleg eppes klauen. Passt op, dass är Rucksäck a Poschen ëmmer zou sinn.
  • Undanzen: Haalt friem Persounen, déi iech moie soen, andeem si iech undanzen oder an den Aarm huelen, op Distanz.

D’Police ass wärend der Fouer verstäerkt um Glacis present an huet wéi all Joer e Kommissariat direkt an der Haaptentrée, dee vu 14.00 bis 01.00 Auer op huet.
 
PDF: Flyer vun der Police
 
 

Workshop Trëppelwee

Am Kader vum Ëmweltjoer zum Thema Mobilitéit organiséiert d’Gemeng zesumme mam Veräi Minettstrëppler Workshops zu den Trëppelweeër op Gemengenterrain. Zil ass et d‘Weeër esou accessibel wéi méiglech ze gestalten, dofir ass ären Input gefrot. D’Workshops si virun allem un d’aktiv Senior·inne geriicht, Leit mat Kutschen a Kanner kënnen awer och mat trëpplen.
 
An all Uertschaft gëtt ee sou ee Workshop organiséiert:

  • En Dënschdeg, de 27. August: Zolwer – Um Bur | 3 KM a 74 Héichtemeeter
  • E Mëttwoch, den 28. August: Suessem – Kennedy | 4 KM an 83 Héichtemeeter
  • En Donneschdeg, den 29. August: Éilereng – Dennebësch | 5 KM an 88 Héichtemeeter
  • E Freideg, den 30. August: Bieles – Gaalgebierg | 4 KM an 61 Héichtemeeter

Rendez-vous ass jeeweils um 9.45 Auer firum Ëmweltbüro vun der Gemeng zu Bieles. Hei ginn d’Leit mat enger Navett op di jeeweileg Plaz bruecht. Nom Tuer geet et mam Shuttle och nees zeréck.
 
All Input a Feedback si wëllkomm. Et ginn och Froebéi zur Verfügung gestallt, fir konkret Aschätzunge op Pabeier ze bréngen.
 
Umeldungen iwwer service.ecologique@suessem.lu

Aktioun Päiperlek – Maach mat!

E Summmer ouni Päiperleken? Iergendwann kéint dat de Fall sinn. Mat der Aktioun Päiperlek maachen den Naturschutzsyndikat SICONA an den Nationalmusée fir Naturgeschicht op d’Bedroung vu Päiperleken opmierksam. Net just dat, si weisen, dass mir eisen Deel zum Schutz vun de klengen Déiercher bäidroe kënnen – an dat geet ganz einfach: observéieren, knipsen, eroplueden!
 
Mam Flyer hei drënner kënnen déi eenzel Päiperleksaarte bestëmmt ginn. Iwwert d’App iNaturalist, déi op de Smartphone geluede soll ginn, kann all Observatioun mat enger Foto eropgeluede ginn. Am Virfeld muss awer e Kont ugeluecht ginn. D’Observatioune ginn Enn dës Joer ausgewäert an d’Resultater ginn da publizéiert.
 
PDF Aktioun Päiperlek
 
Weider Informatioune ginn et hei.
 
 

 
 

Ausschreiwung: Locatioun vun engem Raum an der REWA

D’Gemeng Suessem sicht e·ng Locataire fir een als Coiffeurssalon amenagéierte Raum am Centre intégré pour personnes âgées Résidence op der Waassertrap (REWA) am Quartier Belval Nord zu Bieles.
 
Op Demande kann eng Visite des lieux ausgemaach ginn.
 
D’Kandidature solle bis spéitstens den 30. September 2024 bis 16.00 agereecht ginn.

  • Entweder mat der Post u folgend Adress: Administration communale de Sanem au Collège des bourgmestre et échevin·e·s, B.P. 74 à L-4401 Belvaux.
  • Oder un d’Sekretariat vun der Gemengeverwaltung vu Suessem mat Sëtz op Nummer 60, Rue de la Poste, L-4477 Belvaux (B.P. 74, L-4401 Belvaux)

Formulaire PDF
 
 

Vëlosummer an eiser Gemeng

De Vëlosummer geet an eng weider Ronn. Vum 27. Juli bis 25. August 2024 ginn d’Vëlosfuerer·innen nees agelueden, Lëtzebuerg mat senger touristescher Offer um Vëlo ze entdecken. Fir dës Editioun ginn et 13 Strecken ze entdecken, déi de Vëlosfuerer·inne virbehale sinn.
 
Mam Service „Move we carry“ kënne Vëlostourist·innen hiert Gepäck vun A op B transportéiere loossen. Weider Offere sinn d’Zertifizéierung „bed+bike” (dës Iwwernuechtungsméiglechkeeten offréieren e gratis zougespaarte Vëlosraum) an de Reseau „Rent a bike”, iwwert dee Vëlo gelount kënne ginn.
 
Interessant an eiser Gemeng ass den Tour „Mam Vëlo iwwer Kopp an Dall“. Dësen Tour ass net op bestëmmten Deeg limitéiert, mee ass all Dag vum Vëlosummer accessibel.
 
Dëst Joer gëtt et am Kader vun der Vëlosummer Challenge an der VisitLuxembourgApp eppes ze gewannen. Jiddereen·t, deen·dat déi 13 Tier vum Vëlosummer packt, kann ee giele Vëlosummer-Trikot gewannen.
 
Hei ginn et d’Kaarte fir erofzelueden: Kaart vun den 13 Tier
 
 

 
 

Service Départ en vacances vun der Police

Mat der Summervakanz klëmmt de Risk vun Abréch. Dir kënnt preventiv eng Partie Saachen ënnerhuelen, fir ze evitéiere bei ärem Retour eng béis Iwwerraschung ze hunn.
 
Äert Doheem sécheren:
 
– Fënsteren an Diere RICHTEG zoumaachen.
– Alarmanlag umaachen.
– Stellt sécher, dass äert Doheem ausgesäit, als wier een·t doheem.
 
Donieft kënnt dir och vun engem speziellen a gratis Service vun der Police profitéieren an hinnen iwwert är Vakanzepläng Bescheed soen. Sou kann d’Police äert Doheem an hir Patrullen ophuelen an Dag an Nuecht laanscht kucke fueren, ob alles an der Rei ass. D’Aschreiwung geet online.
 
Aschreiwe kënnt dir iech hei: Aschreiwung fir de Service Départ en vacances
Weider Informatioune ginn et hei: Rotschléi an Tipps
 
 

Projet „Mol nach emol“

Mam Projet „Mol nach emol“ hu sech divers Associatiounen an Institutiounen zesummegedoe fir onbenotzte Schoulmaterial ze revaloriséieren an nees zeréck an de Kreeslaf ze ginn. Dës ëmweltbewosst Initiativ ass eng Chance fir méi nohalteg Praktiken a Schoulen an och Foyeren hei am Land ze promouvéieren.
 
Hannert dësem Projet stinn de Syndicat intercommunal à vocation écologique (Sivec), d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL), d’SuperDrecksKëscht, d’Fondation Kräizbierg an d’Œuvre nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.
 
A konkreten Zuelen ausgedréckt, sammelt de Ressourcenzenter Sivec all Joer net manner wéi 6.600 Tonne Material. Ee groussen Deel dovun ass a guddem Zoustand, kann awer trotzdeem net weider benotzt ginn. Fir dëse Saachen en zweet Liewen ze ginn, ass et den Opruff, entspriechend Material ze sammelen an ofzeginn. Dir kënnt dat bei eis an der Gemeng am Biergerzenter zu Bieles maachen, do steet eng Këscht, an déi dir är Saache kënnt dra maachen.
 
Adress:
Suessemer Gemeng
60, Rue de la Poste
L-4477 Bieles
Tel: (+352) 59 30 75 – 1
 
Ëffnungszäiten:
Méindes bis freides vun 08.30 11.30 Auer a vun 13.30 bis 16.00 Auer
Speziell Ëffnungszäiten dënschdes vu 07.15 un a mëttwochs bis 18.00 Auer
 
Méi Informatiounen op molnachemol.lu.
 
 

 
 

Aschreiwung fir d’JUVAK-Summeraktivitéiten

Entdeck e Summer voll gepak mat Aventuren an erlief Momenter, un déi s du dech nach laang erënnere wäerts. D’JUVAK-Summeraktivitéite si fir Jonker vun 12 bis 18 Joer a bidde ganz verschidden Aktivitéiten, déi dech de Summer iwwer op de Been halen. Egal ob s de léiwer Sport, Konscht oder Aventuren hues, du fënns sécher genee dat, wat fir dech passt. De Programm geet vum 30. Juli bis 15. September 2024.
 
Fir méi Informatioune kann s du dech beim Jugendtreff Saba mellen. D’Umeldunge fänken dëse Freideg, den 28. Juni um 18.00 Auer op juvak.lu un.
 

 
 

Porte Ouverte vum SABA Jugendtreff Sanem

De 15. Juni 2024 ass national Porte Ouverte vun de Jugendhaiser an den Annexen am ganze Land. Och de SABA Jugendtreff vun der Gemeng Suessem hëlt Deel an invitéiert jiddereen·t vu 14.00 bis 18.00 Auer bis laanscht ze kommen.

  • SABA Jugendtreff Suessem
    75, Rue de Belvaux
    L-4418 Zolwer

Deen Dag ass déi perfekt Geleeënheet, dass sech interesséiert Jonker an hir Elteren iwwert de Jugendtreff, d’Offeren an d’Aktivitéiten informéieren a sech mam pedagogesche Konzept vun engem Jugendhaus vertraut maachen. Ugebuede gi Féierungen, Animatioun an Informatiounsmaterial.
 
Weider Informatioune ginn et op Juha.lu, dem Internetsite vun de Jugendhaiser.
 
 

 
 

D’Europawalen a liichter Sprooch

Sonndes, den 9. Juni 2024 gëtt en neit Europaparlament gewielt. Well et wichteg ass, dass jiddereen·t versteet, ëm wat et geet a wie gewielt ka ginn, si verschidden Texter ugepasst ginn.
 
Klaro – Zentrum fir Liicht Sprooch a barrièrefräi Kommunikatioun huet fir d’Europawalen eng ganz Partie där Texter ausgeschafft, déi d’Verständnis vun Informatiounen a Virgäng erliichtere soll. Dat gëtt och Liicht Sprooch genannt. Déi Liicht Sprooch setzt sech aus kuerze Sätz, einfache Wierder, Erklärungen a Biller zesummen.
 
Betraffener préiwen d’Informatiounen am Virfeld an decidéieren, ob déi jeeweileg Informatioun als Liicht Sprooch agestuuft ka ginn. Dat sinn net nëmmen Texter, mee kënnen och Biller, Grafiken an Affichë sinn. Iwwert follgende Link geet et bei déi eenzel Erklärungen: Erklärunge vu Klaro
 
 

 
Klaro ass e Service vun der Apehm, déi fir Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung schafft.
 
 

Naturnoe Gaart

Well deen natierleche Liewensraum fir Insekten a Wëllflanzen ëmmer manner gëtt, si mir Mënsche gefuerdert, eisen Deel zum Erhalt vun dësem bäizedroen. Eng Méiglechkeet ass den naturnoe Gaart.
 
Ënnerschiddlech Liewensraim bidden der heemescher Déieren- a Planzewelt Plaz fir ze lliewen, Nahrung ze sichen a sech fortzeplanzen. Eng doudeg a latzeg Ëmgéigend bitt engem kaum en optesche Reiz a verréngert d’Openthaltsqualitéit. E Gaart voller Blumme gesäit net just schéin aus, mee mécht also och nach eppes fir den Natur- an Déiereschutz.
 
Dat muss net vun haut op muer geschéien, mee kann no an no ëmgesat ginn. Hei drënner gi mir iech Rotschléi, wéi dir iech kënnt uleeën, fir e Paradäis fir Insekten, wéi och Vigel a Planzen op d’Been ze stellen.
 
PDF: Infografik zu der Liewensqualitéit am naturnoe Gaart
PDF : Plus de fleurs, plus d’abeilles 
 

Flow Music Festival

Wat ee Weekend! Et gouf gedanzt, gesongen, gutt giess an dat eent oder anert akaf: De Flow Music Festival vum 19. bis 21 Juli am Park um Belval (Belvaux) hat e fantastesche Lineup, ënnert anerem den CHAiLD, The Tame & The Wild, WazToo, Skuto, Foreigners an De Läb, fir der just e puer ze nennen. De Flowmaart vum 20. bis 21. Juli mat sengen insgesamt 18 Stänn a 5 Workshops at fir jiddereent eppes dobäi. Ënnert de Creators waren et ënnert anerem de Gilles Kutten, Ceci’s Creative Hub, d’Jessica Frascht, Brut.wear, Urbalina oder och Dono.
 
Mir soen allen Artistinnen, Creators a jidderengem, deen am Hannergrond matgehollef an op iergendeng Aart involvéiert war, villmools Merci fir d’Ënnerstëtzung an dee flotte Weekend.
 
D’Fotoe vun den dräi Deeg sinn elo online, déi komplett Galerie kann hei gekuckt ginn.