Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
26/10/2026

Virbereedungsaarbechte bei der Grondschoul Bieles-Post

Am Kader vun de Fortschrëtter vun den Aarbechte fir d’Aféierung vun enger 30er-Zon an der Géigend vun der Grondschoul Bieles-Post starten d’Virbereedungsaarbechte fir d’Opbrénge vum neie Stroossebelag.
 
Aarbechte fir déi nei Couche: ab samschdes, dem 31. Oktober 2026, um 7.30 Auer
(tëscht der Rue de France an dem Haus Nummer 8 an der Rue de l’Usine)

 
Wärend den Aarbechte gëtt de Streckenofschnëtt tëscht der Rue de France an dem Haus Nummer 8 an der Rue de l’Usine zu Bieles a béid Richtunge fir de Verkéier gespaart, inklusiv de Parkplazen an der Géigend. D’Zoufaart mam Auto op de Kierfechtsparking bleift bis inklusiv den 2. November 2026 vum Zentrum vu Bieles aus méiglech. D’Zoufaart fir Gefierer bei d’Haiser Nummer 2 bis 8 an der Rue de l’Usine kann net garantéiert ginn. Wann dir ären Auto braucht, biede mir iech, dësen nach virum Ufank vun den Aarbechten aus dem Aarbechtsberäich erauszefueren.
 
D’Rue du Stade gëtt wärend dëser Zäit an eng Strooss mat Verkéier a béide Richtungen ugepasst. E provisoresche Busarrêt ersetzt den Arrêt Postschoul ab samschdes, dem 31. Oktober 2026, ab 7.30 Auer. De Ramassage vun de Poubellen am betraffene Streckenofschnëtt gëtt wéi gewinnt nom gewinnte Kalenner assuréiert. Mir bieden d’Awunner·innen, hir Dreckskëschte viru 7.00 Auer moies erauszestellen an drop opzepassen, datt d’Identifikatiounsetikette gutt siichtbar sinn.
 
D’Strooss gëtt e Sonndeg, de 15. November 2026, géint 10.00 Auer nees fir de Verkéier opgemaach.
 
Fir weider Informatioune kënnt dir de Service technique ënner der Telefonsnummer 59 30 75 – 477 oder per E-Mail op secretariat.technique@suessem.lu kontaktéieren.
 
 

Zréck