Café Citoyen „Chez Nous“
Loscht op eng waarm Taass Kaffi oder Téi a gudder Gesellschaft? Da kommt op eis éischt Editioun vum Café Citoyen Mobile „Chez Nous“. Erwaarde kënnt dir Iessen a Gedrénks, e Kannereck, Gesellschaftsspiller, esou wéi e Kreativen an Chill Eck. Ouni Umeldung kënnt dir spontan laanschtkommen an nei Leit aus eiser Gemeng kenneléieren. Ob dir eleng, mat Kanner, de Grousselteren, den Noperen, oder Kolleeg·inne bei eis kommt ass iech iwwerlooss. Jiddereen·t ass häerzlech wëllkomm.
Sollt dir Froen hunn, dann zéckt net de Service à l’Égalité des chances et Diversité ze kontaktéieren iwwer Telefon um 59 30 75 654 oder per Mail: service.secd@suessem.lu.