Visitt Fédération internationale des Jardins Familiaux
Den 2. Oktober war de Matgesfeld zu Bieles am Kader vum Kongress vun der Fédération Internationale des Jardins Familiaux op Besuch. De Verband huet dëst Joer zu Lëtzebuerg säin 100-järegen Anniversaire gefeiert. Bei der Visitt konnten d’Participanten d’Anlagen um Matgesfeld entdecken a sech mam Ëmweltbüro vun der Gemeng Suessem iwwer d’Gäert, d’Gestioun an d’Ëmweltaspekter austauschen. Den Ëmweltbüro stoung dobäi fir Froen zur Verfügung. Fir e gemittlechen Ofschloss huet Gaart an Heem Gemeng Suessem de Patt, dee vun der Gemeng offréiert gouf, zerwéiert.
E flotten Austausch ronderëm Klenggäert, d’Natur an d’Wichtegkeet vun de Plazen an eiser Gemeng.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli
































