De Maximilien Lehnen ass an de Staatsrot ernannt ginn
Eng nei Funktioun fir e bekannte Gesiicht aus der Gemeng Suessem : Den 29. September 2026 huet de Maximilien Lehnen, Maître en droit a Member vun eisem Gemengerot (DP), offiziell säin Eed als Staatsrot ofgeluecht. D’Zeremonie huet virum President vum Staatsrot, Marc Thewes, stattfonnt, a Präsenz vun de Vizepresidenten Alain Kinsch an Alex Bodry souwéi vum Generalsekretär Marc Besch. De Maximilien Lehnen war den 10. Juli 2026 duerch e groussherzoglechen Arrêté zum Staatsrot ernannt ginn, als Nofollger vum Georges Kohn. Domat schléisst hie sech dem Staatsrot un, enger Institutioun, déi ënner anerem d’Regierung an d’Chamber bei Gesetzes- a Reglementsprojete beréit.
An der Gemeng Suessem freeë mir eis besonnesch, datt ee Member vun eisem Gemengerot dës nei Erausfuerderung iwwerhëlt an seng Erfarung a Kompetenzen an den Déngscht vun dëser wichteger Institutioun stellt. Eis Felicitatioune un de Maximilien Lehnen zu senger Ernennung an dëser neier Etapp vu sengem Parcours. Mir wënschen him vill Erfolleg a sengen neie Funktiounen!
