Kino beim Schlass
Vum 10. bis den 13. September 2026 huet sech d’Suessemer Schlass nees an e Kino ënner fräiem Himmel verwandelt an de Public fir véier Owender ganz am Zeeche vum Kino, vun neie Filmentdeckungen a gemeinsame Momenter empfaangen.
De Kino huet en Donneschdeg mat Super Mario Galaxy an engem Bastelatelier fir déi Kleng, deen zesumme mam Jugendtreff Saba organiséiert gouf, ugefaangen. E Freideg goung et mat Minions & Monsters weider – zwee Owender voller Laachen a gudder Laun. E Samschdeg war et de skurrille Charme vum Le Fabuleux Destin d’Amélie Poulain, deen e klengen Hauch vu Paräis an d’Häerz vum Schlass bruecht. Zum Ofschloss stoung e Sonndeg Everything Everywhere All at Once um Programm, eng komplett verréckt Rees duerch verschidden Universumen, Emotiounen a Méiglechkeeten. D’Intro zum Film gouf mat enger Live-Zouschalt aus Los Angeles mam lëtzebuergesche VFX-Expert a Regisseur Jeff Desom gemaach.
Taucht an eis Fotosgalerie an a loosst déi schéinste Momenter vum Kino beim Schlass 2026 nach eng Kéier Revue passéieren: gutt Momenter, Owender ënner de Stären a virun allem déi ganz besonnesch Ambiance vun engem Schlass, dat sech fir e laange Weekend an e richtege Kino ënner fräiem Himmel verwandelt huet. Méi Fotoen op kinobeimschlass.lu/galerie
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri






































