„Synaptic Bloom“
Eng nei Skulptur zitt elo virum Gebai Biotech 2 um Campus Belval d’Blécker op sech. D’Wierk mam Numm « Synaptic Bloom » vun de lëtzebuergesche Kënschtler Raphaël Gindt an Daniel Mac Lloyd stellt e mënschlecht Gehier op eng faarweg an abstrakt Manéier duer. Déi offiziell Aweiung war den 2. September, ënner anerem a Präsenz vun der Buergermeeschtesch vun der Gemeng Suessem, Simone Asselborn-Bintz. D’Wierk schléit eng Bréck tëscht der Konscht an de Fuerschungsaarbechten, déi am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) vun der Universitéit Lëtzebuerg duerchgefouert ginn.
Och d’Wiel vun de Materialien erzielt eng Geschicht. Den integréierte Stol mécht Referenz un d’Stolindustrie-Vergaangenheet vum Belval, wärend de Choix u Faarwen an d’Graffiti-Motiver un d’Aktivitéit vun den Neuronen an un déi wëssenschaftlech Entdeckungen erënneren. D’Skulptur symboliséiert esou d’Entwécklung vum Belval: vu senger industrieller Vergaangenheet iwwer seng wëssenschaftlech Géigewaart bis hin zu enger Zukunft, déi op Innovatioun ausgeriicht ass.
Déi zwee Kënschtler, déi mam LCSB schonn zënter Jore vertraut sinn, hu schonn 2019 un der Campagne „Mind the Brain“ deelgeholl. Mat „Synaptic Bloom“ erschaafe si elo eng weider Bréck tëscht Wëssenschaft, Konscht an ëffentlechem Raum um Campus. D’Skulptur steet op der Avenue du Swing um Belval.
Fotoen: Universitéit Lëtzebuerg

















