Chantier op der Käizung vun der Route d’Esch zu Bieles
D’Aarbechte fir d’Verleeë vun enger Waasserleitung vum Chemin Rouge a Richtung Quartier Belval-Nord, déi d’Route d’Esch zu Bieles kräizt, fänken un.
Start vun den Aarbechten: e Méindeg, den 31. August 2026 um 8.00 Auer
Dauer vun den Aarbechten: +/- 4 Wochen
D’Route d’Esch zu Bieles muss op der Héicht vun der Kräizung mam Chemin Rouge an der Rue Robert Krieps fir de Verkéier gespaart ginn. Den Accès zum Chemin Rouge ass nëmmen iwwer d’Rue Metzerlach garantéiert. D’Ausfaart aus dem Quartier Belval-Nord ass nëmmen iwwer d’Rue Pir Kremer méiglech.
Fir weider Informatioune kënnt dir iech un den Service technique ënnert der Telefonsnummer 59 30 75 – 477 oder per E-Mail un secretariat.technique@suessem.lu wenden.