Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
17/08/2026

Reklamatioune Kronospan – Communiqué

Belästegungen duerch d’Aktivitéite vun der Firma Kronospan – D’Gemeng Suessem reagéiert

D’Gemeng Suessem bestätegt, datt si an de leschten Deeg a Wochen eng Rei vu Reklamatioune vu betraffene Bierger·inne kritt huet. Dës beschwéiere sech virun allem iwwer Kaméidi a Gestank, souwéi iwwer d’Verbreedung vu feinem Holzstëbs am Ëmfeld vun der Firma Kronospan.

D’Gemeng hëlt dës Reklamatioune ganz eescht a kann d’Suergen an d’Onwuelbefanne vun de betraffene Bierger·innen novollzéien. Si verséchert och, datt si iwwer d’Situatioun informéiert ass an alles – an hirer Kompetenz – dru setzt, fir zu enger Verbesserung vun der Situatioun bäizedroen.

An dësem Kontext huet d’Gemeng Suessem déi zoustänneg Ministèren an Autoritéiten offiziell iwwer d’Situatioun informéiert. Gläichzäiteg gouf de Kontakt mat der Firma Kronospan gesicht, fir méi genee Erklärungen zu de Belästegungen an den entspriechenden Evenementer ze kréien.

Fir den Oktober 2026 ass donieft eng weider Reunioun mat allen involvéierten Acteuren a Ministèren, esouwéi dem Schäfferot vun der Stad Déifferdeng virgesinn. Dës Reunioun soll dozou déngen, de Stand vun den aktuelle Moossnamen ze evaluéieren, hir Wierksamkeet ze analyséieren an, wann néideg, weider Verbesserungsméiglechkeeten ze préiwen an ze diskutéieren.

Prozedure bei Reklamatiounen

Fir eng effikass a méiglechst séier Behandlung vun all Reklamatioun ze garantéieren, erënnert d’Gemeng dorun, datt dës direkt un eng vun de follgenden zoustännege Plaze geriicht solle ginn:

D’Gemeng Suessem ka bei all Reklamatioun a Kopie gesat ginn (mail@suessem.lu). Déi offiziell Reklamatioune mussen allerdéngs un eng vun den ieweschten Adresse goen.

Engagement vun der Gemeng Suessem

D’Gemeng Suessem bleift bei hirem Engagement, d’Bierger·innen an dësem Prozess ze begleeden an an alle Beräicher, déi an hir Kompetenz falen, ze ënnerstëtzen. Si wäert weiderhin an enkem Kontakt mat den zoustännegen Autoritéiten, de betraffene Ministèren an der Firma Kronospan bleiwen, fir d’Entwécklung vun der Situatioun genee am A ze halen an drop anzewierken, datt déi néideg Moossname getraff an ëmgesat ginn.

Wuertwiertlech Iwwersetzung (aus dem Engleschen) vun der Äntwert vu Kronospan de 14. August 2026.

Kaméidi
Am Laf vun der Period vum 22. bis den 23. Juli 2026 hu mir eis CHP-Unitéiten 2 an 3 frësch gestart. Wärend dësem Neistart ass e Problem mam Sécherheetsventil vun der CHP-2-Anlag opgetrueden, wat fir eng gewëssen Zäit zu zousätzlechem Kaméidi gefouert huet. No enger éischter Moossnam fir de Kaméidi ze reduzéieren, gouf eng zweet Aktioun duerchgefouert, fir dësen nach weider ze reduzéieren, andeems de 6. a 7. August e Schalldämpfer op der CHP-2-Unitéit installéiert gouf. D’Situatioun gëtt weider iwwerwaacht, mee zu dësem Zäitpunkt ass de Problem mat de Sécherheetsventiller geléist.

Stëbs
Mir hu keng Feelfunktioun vun eisen Anlage festgestallt. Wéi och schonn an eisem Schreiwes vum 6. August 2026 uginn, hunn nom Feier, dat den 12. Juli 2026 op eisem Site ausgebrach war, Vertrieder vun der AEV (Administration de l’environnement) de Site besicht. Et goufen eng Inspektioun vum betraffene Beräich an eng allgemeng Inspektioun vum Site duerchgefouert. No dësen Inspektioune gouf keng Ofwäichung am Zesummenhang mat Stëbs- oder Gerochsemissioune festgestallt.

Donieft goufen och zousätzlech Moossnamen zur Reduktioun vun de Stëbsemissioune diskutéiert. Dozou gehéiert zum Beispill d’Installatioun vu speziellen Equipementer bei den Ëmschlagsaarbechten, fir d’Emissioune sou wäit wéi méiglech ze minimiséieren.

Mir wëllen och ervirhiewen, datt d’Botzaarbechten um Site wéinst der aktueller extremer Dréchent verstäerkt goufen. Dëst huet dozou gefouert, datt zousätzlecht internt Personal fir dës Aarbechten agesat gouf an d’Botztoure mat eiser eegener Kiermaschinn, souwéi mat zousätzlechem externen Equipement erhéicht goufen.

Geroch
Wéi schonns am Abschnitt „Stëbs“ erwäänt, hunn Vertrieder vun der AEV de Site besicht a keng Ofwäichunge festgestallt. Ausserdeem war d’MDF-Eenheet an der betraffener Period nëmmen deelweis a Betrib. Déi aner dauerhaft operéierend Emissiounsquellen entspriechen den Ufuerderungen am Beräich vun de Gerochsemissiounen.

Donieft muss een och déi aktuell Wiedersituatioun berécksiichtegen, besonnesch de Loftdrock, deen d’Verbreedung vu Gerécher direkt beaflosst an domat d’Gerochsimissiounen an de verschiddene Wunngebidder beaflosse kann.

Zréck