Journée française
Den 12. Juli 2026 huet um Kierfecht zu Suessem eng Gedenkzeremonie stattfonnt, fir un déi dräi franséisch Zaldoten ze erënneren, déi den 10. Mee 1940 um Territoire vun der Gemeng gefall sinn. A Presenz vu politesche Vertrieder∙inne vun de Gemenge Rédange a Suessem, souwéi dem franséische Botschafter zu Lëtzebuerg, dem Christophe Bouchard, gouf zu hirem Gedenken eng Gerbe néiergeluecht an domat d’Erënnerungsflicht an d’Bedeitung vun dësem wichtegen Dag weidergefouert. Dës Zeremonie ass all Joer e Moment vum Gedenken an der Besënnung a rappeléiert un déi historesch Evenementer, déi eis zwou Gemenge matenee verbannen.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri

























