Commemoratioun vun Hiroshima an Nagasaki
De 6. August huet d’Gemeng Suessem am Kader vun der internationaler Initiativ Mayors for Peace eng Gedenkzeremonie zu Éiere vun den Affer vun Hiroshima an Nagasaki organiséiert.
Am Park um Belval hunn d’Invitéeë sech zesummefonnt, fir un déi tragesch Konsequenze vun den Atombomme vun 1945 ze erënneren an d’Wichtegkeet vu Fridden, Dialog an atomarer Ofrëschtung ze ënnersträichen. Bei dëser Geleeënheet gouf e Ginkgo geplanzt. Dëse Bam, vun deem verschidden Exemplaren den Atombombenugrëff op Hiroshima iwwerlieft hunn, ass haut e Symbol fir Widderstandsfäegkeet, Hoffnung an Erneierung.
D’Zeremonie huet seng Exzellenz den Här Mamoru Nomura, Ambassadeur vu Japan zu Lëtzebuerg, souwéi Vertrieder·inne vum SYVICOL, vu Mayors for Peace, der Direction de la défense, der Chambre des Députés an e puer anere lëtzebuergesche Gemengen zesummebruecht. D’Invitéen haten och d’Méiglechkeet, kleng Origami-Konschtwierker ze entdecken, déi vu Kanner aus dee Maisons Relais vun der Gemeng Suessem gemaach goufen, an esou dësem Moment eng symbolesch a generationeniwwergräifend Nott ginn hunn.
Mat dëser Gedenkzeremonie ënnersträicht d’Gemeng Suessem hiren Engagement fir de Fridden an erënnert drun, datt Fridden op enger gemeinsamer Verantwortung an engem kontinuéierlechen Asaz fir déi zukünfteg Generatioune baséiert.
Fotoen: Marc Dostert
















































