Biergerforum: Wéi kënne mir besser mat der Hëtzt liewen?
Déi staark Hëtztwelle gehéiere mëttlerweil zu eisem Alldag. Ma wéi kënne mir eis Haiser, eis Gäert an eis Quartiere besser upassen, fir domat ëmzegoen?
Bei dësem Biergerforum entdeckt dir konkret Léisunge fir äert Ëmfeld ofzekillen, d’Biodiversitéit ze fërderen a méi Gréngflächen ze schafen. Mat praktesche Beispiller, Austausch mat Expert·innen an Diskussiounen hutt dir d’Méiglechkeet, är Froen ze stellen an är Iddien ze deelen.
E Rendez-vous fir jiddereen, mat engem Espace fir d’Kanner an engem Walking Dinner zum Ofschloss, fir de gemeinsamen Owend an enger gemittlecher Atmosphär auskléngen ze loossen.
