Flow Festival
Vum 17. bis den 19. Juli huet de Park um Belval sech nees an eng grouss Plaz fir kulturell a musikalesch Entdeckunge verwandelt – bei der 6. Editioun vum Flow Festival.
Bei beschtem Summerwieder huet dës Editioun mat hirer waarmer a gemittlecher Atmosphär iwwerzeegt. Eng ofwiesslungsräich a qualitativ héichwäerteg Museksprogrammatioun mat Kënschtler*innen ewéi Say Yes Dog, Echt!, Catt, Magi Merlin, Ninon, Jambal a villen anere méi huet fir onvergiesslech Concertsmomenter gesuergt.
Och de FlowMuart war e grousse Succès. Ronn zwanzeg Kreativer hunn hir originell Kreatioune presentéiert an eng Rei Ateliere ugebueden, déi beim Public op groussen Interessi gestouss sinn. Donieft konnten d’Festivalgäscht eng akrobatesch an humoristesch Show vu Clap Clap Circo erliewen an eng sëlleg Animatiounen, Chill-Beräicher an déi ofwiesslungsräich kulinaresch Offere genéissen.
Déi komplett Fotogalerie ass op flowfestival.lu disponibel.
Fotoen: Gemeng Suessem | Steve Ginepri












































