Mérite exceptionnel – CAB
De Schäff∙innerot souwéi e puer Membere vum Gemengerot haten de Pleséier, d’Härenekipp vum CA Bieles an d’Membere vum Comité fir eng Receptioun am Festsall vun der Gemeng ze begréissen.
Bei dëser Geleeënheet wollt d’Gemeng d’Sportler fir hir aussergewéinlech Leeschtung an hire Championstitel bei den Intercluben éieren. Den Empfang war eng flott Geleeënheet, hiren Asaz, hiren Teamgeescht an hir exzellent Resultater ze ënnersträichen.
D’Gemeng Suessem gratuléiert der ganzer Ekipp vum CAB zu dësem schéine Succès a wënscht hinne weiderhi vill Erfolleg.
Fotoen: Gemeng Suessem / Cliff Schmit














