Scheck-Iwwerreechung: Kannerschlass x Lux Lug
Den 30. Abrëll huet d’Luxembourg Lego User Group (Lux Lug) der Fondatioun Kannerschlass mat Sëtz zu Zolwer e Scheck vu 4.000 Euro iwwerreecht. Nieft Vertriederinne vu Lux Lug, ënnert anerem de Präsident Robert Martellotto, waren och de Schäffe Steve Gierenz, d’Directrice vun der Fondation Véronique Hilbert an d’Cheffe de groupe CST-Passo Corinne Rauen present. Een Deel vum Don kënnt der Zirkusschoul fir Kanner vun der Fondation Kannerschlass ze gutt. „Esou Donen erméiglechen eis de Kanner a Jonke méi extra pädagogesch Aktivitéiten esou wéi nei Projeten ëm ze setze wou eventuell net vum Ministère oder just zu engem Deel iwwerholl ginn. Mir sinn extrem Dankbar a freeën eis iwwer dëse Geste“, sou d’Direktesch vun der Fondatioun.
Grond fir den Don ass d’Opléisung vu Lux Lug. De Veräin gouf de 6. Dezember 2010 gegrënnt an de 24. den nämmlechte Mount offiziell unerkannt. Fënnef begeeschtert Lego-Passionéierter hate sech deemools zesummegedoen, fir aus engem einfache Veräin, een international unerkannte Grupp ze maachen. Enn 2012 konnt de Veräi 36 Memberen zielen an an deem selwechte Joer goufen och Kanner-Workshops an d’Liewe geruff. Nieft reegelméissege Visitten op Foiren huet Lux Lug och selwer eng éischten Ausstellung 2013 organiséiert.
Mir wëllen op där Plaz dem Veräin ee grousse Merci fir all déi Jore voller Engagement an dee schéine leschte Gest.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli



















