Visite vum portugisesche President
D’Gemeng Suessem hat d’Éier, e Sonndeg, de 7. Juni 2026, de portugisesche President António José Seguro, zesumme mam portugisesche Premier Luís Montenegro ze empfänken. Bei dësem besonnesche Besuch waren och de Schäff·innerot vun der Gemeng Suessem an d’Mónica Bastos, Coordinatrice vum portugiseschen Unterrecht am Benelux, dobäi.
Am Mëttelpunkt vun dëser offizieller Visite stoung eng häerzlech Renconter mat de Schüler·inne vun de Coursen an der portugisescher Sprooch a Kultur. Am Kader vum Projet «Para mim, Portugal é…» hunn déi Jonk hir Texter virgestallt a virgelies, an deenen si op eng perséinlech a beréierend Aart a Weis hir Relatioun zu Portugal an hir Virstellung vun hirem Hierkonftsland ausgedréckt hunn. E Kuerzfilm, dee mat jonke Kanner realiséiert gouf, huet dëse flotte Moment vum Austausch ofgerënnt. Als Erënnerung un dëse Projet gouf dem President e Buch iwwerreecht, an deem all d’Bäiträg gesammelt sinn.
Dës Manifestatioun, organiséiert mat der Ënnerstëtzung vun der portugisescher Ambassade zu Luxembourg, der Koordinatioun vum portugiseschen Unterrecht an der Associatioun ADIE, ënnersträicht d’Bedeitung vun der portugisescher Sprooch a Kultur an der Groussregioun. Gläichzäiteg huet si de Kanner a Jugendlechen eng aussergewéinlech Geleeënheet gebueden, hiren Engagement ze weisen, hir kulturell Wuerzelen ze stäerken an en onvergiessleche Moment am direkte Kontakt mat den héchste portugiseschen Autoritéiten ze erliewen.
Fotoen: Nadia Dentzer




































