D’Kanner-Geschierkëscht
D’Kanner-Geschierkëscht geet an déi nächste Ronn. Mir waren den 3. Juni 2026 nees op Besuch am Matgesfeld, fir en Abléck an d’Aarbecht vun de Kanner ze kréien, déi aktuell um Projet matschaffen. Dir erënnert iech: A Presenz vum Minister fir Bildung, Kanner a Jugend Claude Meisch, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit Serge Wilmes, de Responsabele vun der UP_FOUNDATION, alle Partner∙inne vum Pilotprojet an dem Schäff∙innen- a Gemengerot vun der Gemeng Suessem gouf D’Kanner-Geschierkëscht den 22. September 2025 offiziell presentéiert.
De Projet riicht sech u Schoulkanner tëscht 7 a 14 Joer an erméiglecht hinnen, am ëffentleche Raum ze plangen, ze bauen a praktesch Strukture selwer ze entwéckelen. Duerch dëse kreative Bauprozess entwéckele si wichteg Fäegkeete wéi fein- a grobmotoresch Kompetenzen, Kreativitéit, Selbststännegkeet an e Bewosstsi fir nohaltegt Handelen.
Fotoe vun eiser leschter Visitt am September 2025.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri
















