Schottergäert: eng schlecht Iddi fir eist Klima
Schottergäert, Stenggäert oder sougenannt „Zen-Gäert“ hunn all eppes gemeinsam: Et ass ee Virgäertche mat wéineg oder guer kenger Vegetatioun. Wat op den éischte Bléck praktesch ausgesäit, huet awer negativ Konsequenze fir d’Ëmwelt an d’Liewensqualitéit, besonnesch am Summer. Fir e gesond Mikroklima ronderëm d’Haus si Planzen a gréng Flächen immens wichteg. Steng a Schotter späicheren d’Hëtzt vum Dag a ginn dës och nuets nees of. Doduerch bleift d’Ëmgéigend méi waarm, wat zur Iwwerhëtzung vun der Noperschaft bäidréit. Dat mécht et och méi schwéier, Haiser nuets ofzekillen. Dobäi kënnt, datt Schottergäert kaum Liewensraum fir Insekten oder aner Déiere bidden an d’Versickerung vum Reewaasser verschlechteren.
Wat kënnt Dir maachen?
De Schottergaart ersetzen ass ganz einfach a mir hëllefen iech dobäi. Dir fëllt e Big-Bag mat de Steng, mir komme se ofhuelen a ersetzen d’Material duerch gudde Buedem vum Minettkompost. Zousätzlech berode mir iech bei der Gestaltung vun ärem neie Virgäertchen. An dat Bescht: E Virgäertche mat Planze muss net vill Aarbecht maachen. Mat de richtege Planzen entsteet eng natierlech, schéin an nohalteg Léisung, déi d’Klima an d’Ëmgéigend verbessert.
De Projet leeft vu Mee 2026 un, interesséierter kënne sech beim Service Écologique via 59 30 75 – 508 oder per Mail service.ecologique@suessem.lu mellen.