Mérite exceptionnel – BBC AS Zolwer
De Méindeg, den 11. Mee, gouf eng offiziell Receptioun zu Éiere vum BBC AS Zolwer organiséiert, deen an dëser Saison eng aussergewéinlech sportlech Leeschtung vollbruecht huet. De Veräin huet sech net nëmmen den Opstig an d’Enovos League geséchert, mee huet sech och op eng impressionant Aart a Weis de Championstitel an der Nationale 2 erkämpft.
A Präsenz vun der Sportskommissioun an de Membere vum Gemengerot huet de Schäff·innerot de Spiller an dem Trainerstaff – mam Eric Bettini a Luc Loesch un der Spëtzt – häerzlech zu dësem aussergewéinleche Parcours gratuléiert.
D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet an hirer Usprooch betount, datt dësen Erfolleg ëmsou méi bemierkenswäert ass, well virun der Saison net onbedéngt mat enger Promotioun gerechent gouf. Si huet dem Veräin gläichzäiteg verséchert, datt een och an der ieweschter Divisioun op déi voll Ënnerstëtzung vun der Gemeng ziele kann.
Am Numm vum Veräin huet de Gilles Weis der Gemeng e grousse Merci ausgeschwat fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung wärend der ganzer Saison – sief et op der Tribün, an der Organisatioun oder um logisteschen an infrastrukturelle Plang. Et wier, esou de Gilles Weis, immens wäertvoll ze wëssen, datt ee Veräin op esou vill engagéiert Mënschen hannert sech ziele kann.
Mat Bléck op déi nächst Saison an déi nei sportlech Erausfuerderungen huet hie gläichzäiteg dorop higewisen, fir aus den Erfarunge vun der leschter Promotioun ze léieren an net déi selwecht Feeler ze widderhuelen. Trotzdeem huet hie sech zouversiichtlech gewisen, datt d’Ekipp vum Knapp mat engem staarke Kollektiv an engem exzellenten Teamgeescht an d’Saison 2026/2027 goe wäert.
Déi offiziell Receptioun ass an enger flotter a geselleger Atmosphär bei enger klenger, wuelverdéngter Agape op en Enn gaang.
Fotoen: Gemeng Suessem / Cliff Schmit




















