Sportleréierung
De Freiden, 13. Mäerz 2026 hat d’Sportskommissioun am Artikuss zu Zolwer alles ënnert de Motto vum Sport gesat. Vill Athletinnen an Athlete goufe fir hir Leeschtungen am vergaangene Joer geéiert.
Dorënner waren 106 Eenzelsportler·innen, wouvunner der 62 fir eng éischt, 23 fir eng zweet an 21 fir eng drëtt Plaz ausgezeechent goufen, an och 33 Ekippen, bei deenen et 21 mol eng éischt, 4 mol eng zweet an 8 mol eng drëtt Plaz ze feiere gouf. D’Panoplie goung vun Agility iwwer Hondstraining, Boulderen, Schéissen, Petanque, Keelen, Gymnastik, Liichtathletik, Schwammen, Basket, Tennis, Fussball, Karate bis Cyclissem.
Gratulatiounen u jiddereen·t!
Fotoen: Lugdivine Unfer










































































