Besuch am SmartCafé
En Donneschdeg, den 12. Mäerz 2026 ware mir op Besuch am SmartCafé, dës Kéier am Restaurant Madame Witzeg an der Waassertrap.
Benevolle vu GoldenMe Luxembourg a vum Jugendtreff Saba hu sech Zäit geholl, Interesséierten alles ronderëm hire Smartphone, hir Tablett oder soss Froe ronderëm Technologie ze erklären. Bei engem Kaffi an engem Stéck Kuch goufen déi wichtegst Saache ronderëm nei Softwaren, dee rezentsten Update oder déi neiste Social-Media-Plattform gekläert. Et ass awer och ëm Grondastellunge vum Handy gaangen, wéi Fotoen erëmfannen oder ee Facetime-Uruff maachen.
Den nächste SmartCafé ass geschwënn, bis dohinner soe mir jidderengem Merci, deen do war.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli
















