Seniorenolympiad 2026
2023 ass d’Seniorenlympiad am Kader vun den Olympesche Summerspiller als Projet vun de Sodexo-Haiser an d’Liewe geruff ginn. 2026, passend zu de Wanterspiller an Italien, gouf dës Editioun an de Wanter verluecht. Startschoss war den 20. Februar zu Beetebuerg an der Struktur An de Wisen, den 23. Februar gouf d’Kompetitioun an der Résidence op der Waassertrap (REWA) ausgedroen, de 25. Februar um Gréngewald a fir d’Finall de 27. Februar goung et op Waasserbëlleg an d’Struktur Op Lamp.
Insgesamt dauert d’Olympiad 2 Wochen a réckelt d’Kohäsioun tëscht de Strukturen an de Spaass vun de Participant∙innen an de Mëttelpunkt. Dëse besonnesch Projet erméiglecht et de Senior·inne sportlech aktiv ze ginn, hiert d’Kënnen ënnert Beweis ze stellen a sech mat Leit aus den aneren Haiser auszetauschen.
Bei der Editioun vun dësem Joer stoungen net manner wéi 8 Disziplinnen um Programm: Äis fëschen, Bouschéissen, Hirschgeweih, Schnéistuerm, Biesen-Curling, blannt Rodelen, Säckelcher schéissen a Gräifspill. Pro Haus si 5 bis 6 Bewunner∙innen an 2 bis 3 Mataarbechter∙inne mat dobäi.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli





















































